From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Tigris (Akkadesch Idiglat, Aramäesch: Deqlath, Didschla, Alpersesch: Tigrā, Arabesch: دجلة, Hebräesch: חידקל, ("Hiddekel" oder "Chidekel"), Tierkesch: Dicle a Kurdesch: Dîcle) ass en 1900 Kilometer laange Floss a Klengasien. En entsteet aus dem Zesummefloss vum Maden Çayı a vum Dibni Çayı, déi hir Quellen an den Taurusbierger, am Oste vun der Tierkei hunn, an déi vum Dicle-Barrage gestaut ginn. Der Tigris leeft fir d'éischt Richtung Süden, da Südosten, duerch d'Provënz Diyarbakır. Méi spéit mécht en op enger kuerze Distanz d'Grenz mat Syrien. Dono leeft den Tigirs da queesch duerch den Irak wou e sech um Enn mam Euphrat zum Schatt al-Arab vereenegt, deen dann an de Persesche Golf leeft. Den Tigris huet a Baseng vunn 375.000 km².
Den Euphrat an den Tigris | |
Längt | 1900 km |
---|---|
Debit | 1.014 m³/s |
Hydrographesche Baseng | Persesche Golf |
Fläch vum Baseng | 375.000 km² |
Originn | |
Originn |
Zesummefloss Maden Çayı an Dibni Çayı Plaz Quell = Dicle-Barrage |
Koordinaten |
47° 53’ 22’’ N 6° 53’ 34’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | zesumme mam Euphrat zum Schatt al-Arab |
Plaz | bei Al Qurnah |
Héicht | 59 m |
Geographie | |
Land |
Tierkei Irak |
Zesumme mam Euphrat bilt den Tigris Mesopotamien, déi Landschaft, an där sech déi éischt Héichkulturen entwéckelt hunn.
vu lénks:
vu riets:
Groussstied, déi um Floss leien, sinn Diyarbakır, Mosul, Tikrit, Samarra, Bagdad, Amarah a Kut.
Commons: Tigris – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.