ëffentlech lëtzebuergesch Secondairesschoul an der Stad Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sportlycée ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondairesschoul um Fetschenhaff an der Stad Lëtzebuerg, déi 2012 geschaaft gouf[1]. D'Zil vum Lycée ass et fir Schoul a Sport fir déi talentéiert jonk Athleete sou gutt wéi méiglech mateneen ze verbannen.
De Sportlycée um Fetschenhaff | |
Typ | ëffentlech Schoul, Secondairesschoul |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Fetschenhaff |
Adress | 66 Rue de Treves, 2630 Luxembourg |
Leedung | Pascal Schaul |
Schülerzuel | 451 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
Gegrënnt | 21. Juli 2012 |
Um Spaweck | https://portal.education.lu/sportlycee |
De Lycée gouf 2011/2012 um Fetschenhaff beim INS gebaut. D'Baukäschten hu sech op 11 Milliounen Euro chiffréiert. Zum Lycée gehéieren och en Internat an e Schoulrestaurant.
Am Schouljoer 2012/13 ware ronn 330 Schüler ageschriwwen. 2017/18 waren et der 382. D'Maximal-Capacitéit ass op 430 jonk Sportler ausgeluecht, fir d'Schouljoer 2022/23 ware 451 Schüler ageschriwwen.
2001 gouf et déi éischt Sportsklassen am Lycée Aline-Mayrisch (LAML)[2]. Am Schouljoer 2007/2008 gouf de Sportlycée dunn als Annex vum LAML beim INS um Fetschenhaff an d'Liewe geruff. Am Oktober 2011[3] haten d'Aarbechte vum Gebai ugefaangen. 13 Méint méi spéit konnten d'Schüler vun de Container an déi nei Maueren eriwwer plënneren. Déi offiziell Aweiung vum Gebai war den 22. Februar 2013[4],[5] a Presenz vun der Erzéiungsministesch Mady Delvaux-Stehres, dem Bauteminister Claude Wiseler, dem Sportminister Romain Schneider, dem COSL-President André Hoffmann an dem deemolege Schouldirekter Raymond Conzemius.
E puer Joer drop war kloer, datt dëst Gebai net genuch Plaz hätt[6]. Nodeems kuerz den Houwald am Gespréich war, huet am Juli 2018 de Bildungsminister Claude Meisch an der Chamber matgedeelt, datt d'Regierung wëlles hätt, en neit Gebai zu Mamer, nieft dem Lycée Josy Barthel bauen ze loossen[7]. 2019 koum dunn nach en eventuell neie Standpunkt an d'Gespréich, an zwar nieft der Coque um Kierchbierg[8].
Datum | Direkter | Bemierkung |
---|---|---|
... - 2020 | Raymond Conzemius | wiesselt op den 01.11.20 als techneschen Direkter an den COSL[9] |
01.11.2020[10] - | Pascal Schaul |
Commons: Sportlycée – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.