From Wikipedia, the free encyclopedia
De Schnauftubak ass renggemuelen Tubak, deen duerch Erasuckelen duerch d'Nues konsuméiert gëtt. Op déi Manéier wierkt den Nikotin op déi viischt Schläimhait an der Nues, sou wéi beim Kokain.
De Pater Romano Pane, deen de Christoph Kolumbus op senger zweeter Rees begleet hat, war deen éischten, deen de Brauch vum Tubakskonsum beschriwwen huet. A sengem Wierk "De insularium ritibus" vu 1497 ernimmt en e Kraut, dat duseleg mécht. E beschreift, datt sech d'mëttelamerikanesch Indianer e Rouer an d'Nueslächer stiechen, an dat anert Enn iwwer Tubaksblieder halen, déi brennen. E beschreift ausserdeem de Brauch, fir d'Blieder ze muelen, an de Pudder duerch d'Nues z'inhaléieren. "De Pudder ass sou staark, datt en engem de Verstand hëlt".
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.