From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Schlass Peterhof, oder Petergof (ru: Петергоф) war de russeschen Zaren hire Summerpalais. De Palais selwer, säi Park, seng Sprangburen, Kaskaden a Waasserspiller si weltbekannt a ginn als Kennzeeche vun der russescher artistescher Kultur am 18. an 19. Joerhonnert betruecht.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem russesche keeserleche Summerpalais an der Géigend vu Sankt Péitersbuerg. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Peterhof. |
| |||||
---|---|---|---|---|---|
D'Schlass mat der grousser Cascade | |||||
Land | Russland | ||||
Plaz | Petergof | ||||
Koordinaten | 59° 53’ 04.63’’ N 29° 54’ 32.09’’ O | ||||
Bauzäit | 1715 - 1755 |
Et war de Péiter de Groussen, deen direkt um Ufank vum 18. Joerhonnert d'Initiativ ergraff huet, fir net wäit vu senger Haaptstad Sankt Péitersbuerg dës aussergewéinlech Summerresidenz mat allem Drëm an Drun ze bauen. Säi Park mat sengen 176 verschiddene Sprangburen, Waasserfäll a Statue weist en aussergewéinleche Räichtum op. Am bekanntste sinn d'Waasserspiller hanner dem Palais, do wou den Zar mam Schëff ugeluecht huet, wann en a seng Summerresidenz koum. De Palais mat senge ville Kollektioune ka besicht ginn. No 1917 huet de russesche Staat de Peterhof iwwerholl a fir d'Erhalung vun dësem Bijou gesuergt.
Commons: Schlass Peterhof – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.