From Wikipedia, the free encyclopedia
De Schéissendëmpel ass e klenge Waasserfall am Ënnerlaf vun der Schwaarzer Iernz mat enger „rustikaler“ Bréck. Den Numm bezeechent och de Lieu-dit laanscht dem CR121 an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz, op der Héicht vum Waasserfall.
Schéissendëmpel | |
---|---|
An anere Sproochen | de: Schiessentümpel |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng |
Konsdref Waldbëlleg |
Buergermeeschter |
Marco Bermes Andrée Henx-Greischer |
Koordinaten |
49° 47’ 06.2’’ N 06° 17’ 57.4’’ O |
Am Joer 1877 waren am Staatsbudget dräi kleng Brécken („trois ponts miniatures“) am Mëllerdall virgesinn. De Projet gouf de 15. Januar 1880 vum deemolege Generaldirekter (d.&nsbp;h. Minister) fir d'Justiz Paul Eyschen an der Chamber virgestallt.
D'Pläng fir d'Bréck vum Schéissendëmpel ware vum Dikrecher Bezierksingenieur Antoine Hartmann ausgeschafft ginn an de Baukondukter Michel Dondelinger vun Iechternach huet dunn de Steemetzer Jean-Pierre Prommenschenkel mat den Aarbechte beoptraagt[1].
De Schéissendëmpel läit op der Schwaarzer Iernz, ronn ee Kilometer südwestlech vum Mëllerdall an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.
De Schéissendëmpel gouf scho kuerz no sengem Bau an Touristeguiden ernimmt:
Commons: Schéissendëmpel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.