slawesch Sprooch From Wikipedia, the free encyclopedia
Russesch (russ.: русский язык) ass déi meeschtgeschwat vun de slawesche Sproochen.
Russesch русский язык | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Russland, Ukrain, Wäissrussland, Kasachstan, Lettland, Estland, Moldawien, Georgien, Kirgisistan, a vun Emigranten an den USA, Israel, Däitschland an anere westeuropäesche Länner |
Regioun: | Osteuropa an Nordasien |
Gëtt geschwat vun: | 180 Millioune Mammesproochler, an 110 Milliounen Zweetsproochler |
Klassement: | 7 |
Klassifikatioun no Famill: | Indoeuropäesch
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | Russland, Wäissrussland, Kasachstan, Kirgisistan, Vereent Natiounen |
Reglementéiert vun: | Russesch Akademie vun de Wëssenschaften (Российская Академия Наук) |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | ru |
ISO 639-2 | rus |
ISO 639-3 | rus |
Si gehéiert zur Famill vun den indoeuropäesche Sproochen, grad wéi Sanskrit, Griichesch a Latäin an all déi modern germanesch, romanesch a keltesch Sproochen. Schrëftlech Beispiller vum Russesche sinn zanter dem 10. Joerhonnert beluecht.
Russesch ass offiziell Landessprooch net nëmmen a Russland, mä och a villen anere Staaten déi aus der fréierer Sowjetunioun ervirgaange sinn. Als Weltsprooch vu grousser politescher Bedeitung ass Russesch eng vun de sechs Sprooche vun der UNO.
D'Schrëft baséiert um kyrilleschen Alphabet. D'Transkriptioun an dat laténgescht Alphabet kann op sëllegen Aart a Weise geschéien - zu Lëtzebuerg gëtt sech meeschtens un d'Transkriptiounsreegele vum Duden gehalen.
Russescht Alphabet
|
Russesch gëtt mam russeschen Alphabet geschriwwen (russ.: русский алфавит oder русская азбука), wat dem kyrilleschen Alphabet (russ.: кириллический алфавит oder кириллица) entstaamt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Russesch Grammaire.
Wikipedia op Russesch |
Commons: Russesch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.