From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Eurasesch Runn, Vespa crabro, gehéiert zu deene gréissten Falenharespelen, déi a Mëtteleuropa liewen.
Eurasesch Runn | |||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Europäesch Runn (Vespa crabro) | |||||||||||||||||||
Aner Sproochen: | de: Hornisse fr: frelon européen en: European hornet | ||||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||||
| |||||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||||
Vespa crabro L. 1758 |
Op Lëtzebuergesch huet d'Eurasesch Runn e ganze Katalog vun Nimm, déi hei an der Originalschreifweis vum Klees zitéiert ginn:[1] Bless (Kanech), Drëun, Dusch; déck, gëfteg, grouss Vesper, déck Horespel, Harles (Süden), Hara(a)spel, Har(r)ujhel, Hesper, déck Fesper, Hora(a)ss, Huesch (Veianen), Hujhel, Humm (Fiels), Hunsch(el), Hu(u)sch, Kelterhaangelisch, Kinnek, Nainaangel, Näimäerder, Päerdshoarespel, Ronsch, Rumm, Runsch, Runn(ebei), Runnert, Stoaraspel, Tunsch (Munneref), wëll Väsper, rose Bei.
D'Kierperlängt vun der Kinnigin ass bis 35 mm, déi vun den Aarbechtsrunne 16 bis 25 mm an déi vun de männleche Runnen 20 bis 28 mm. D'Runne liewen a Staaten, déi ee Joer halen.
D'Eurasesch Runne bauen hir Näschter op Späicheren, ënner Diech oder a Bamhielen. Méi seele benotzte Plaze si Vullenhaisercher oder Beiestäck[2]. D'Näschter bestinn aus alem Holz dat zerknat a mam Spaut gebonne gëtt.
Am Fréijoer formt d'Kinnigin e Still, si mécht den Ufank. Duerno hänkt si Woben dru fir déi éischt Eeër ze leeën. An all eenzel Wob gëtt en Ee geluecht.
D'Larve brauchen dann zwou Woche bis se gewuess sinn. Da verpoppt d'Larv sech. No weideren zwou Woche klëmmt d'Runn aus der Popp eraus. Déi éischt Aarbechtsrunne bauen da weider Woben. Sou geet et dann no an no weider bis d'Nascht ëmmer méi fest a méi grouss gëtt. Am spéide Summer ass d'Nascht da fäerdeg a kuerz drop stierft d'Vollek. Iwwereg bleiwe just déi jonk Kinniginnen.
Commons: Europäesch Runn – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.