lëtzebuergesche Regisseur a Realisateur From Wikipedia, the free encyclopedia
De René Steichen, gebuer den 13. Mäerz 1935 zu Bartreng, a gestuerwen den 19. Dezember 1994 zu Stroossbuerg,[1] war e lëtzebuergesche Regisseur a Realisateur vun Televisiounsemissiounen.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Regisseur René Steichen. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. René Steichen. |
René Steichen | |
---|---|
Gebuer |
13. Mäerz 1935 Bartreng |
Gestuerwen |
19. Dezember 1994 Stroossbuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmregisseur |
Hien huet bei Télé Luxembourg geschafft, an an den 1970er-1980er Jore bei RTL Productions zu Bartreng. Dat war deemools ee vun deene modernsten Televisiounsstudioen an Europa, wou scho fréi Computeren zum Asaz koumen, fir visuell Effekter oder syntheetesch Biller ze maachen, déi bei Jinglen a Videoclippen zum Asaz koumen.
Besonnesch als Pionéier vun de Videoclippen huet de René Steichen sech en Numm gemaach; Museker wéi Céline Dion, Michel Polnareff, INXS, Claude François, Serge Gainsbourg, Johnny Halliday, Jermaine Jackson[2] sinn op Bartreng komm, fir hir Clippen opzehuelen. Seng Technik koum och zum Asaz an Dessins-animés-Serien, wéi Ulysse 31.
Dem grousse Public war de René Steichen an där Zäit duerch d'Emissioun Super Juke Box bekannt, déi vum André Torrent moderéiert gouf, a wou de Steichen riets am Bild souz, d'Schibere vum Mëschpult ze bedéngen, an heiansdo frëndlech an d'Kamera ze laachen.
Hien huet och (Ko-)Regie vun de véier Emissioune vum Grand Prix Eurovision de la Chanson gefouert, déi zu Lëtzebuerg organiséiert goufen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.