De Referendum zu Lëtzebuerg koum an d'Constitutioun duerch eng Reform am Joer 1919.
Zanterhier seet den Artikel 51, Paragraph 7:
- Les électeurs pourront être appelés à se prononcer par la voie du référendum dans les cas et sous les conditions à déterminer par la loi.
|
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Artikel 51 iwwerléisst et dem Legislateur fir déi Fäll ze bestëmmen, bei deenen et zu engem Referendum kënnt. Mam Gesetz vum 4. Februar 2005 goufen déi Reegele festgehalen. D'Gesetz gouf duerno nach e puermol adaptéiert.
Referendumen déi ofgehale goufen
Et gouf bis ewell fënnef Referendumen op nationalem Plang ofgehalen, woubäi déi zwéin éischt de selwechten Dag waren:
Referendumen déi net zustane koumen
- No der Propositioun fir d'Kapitel VI. vun der Constitutioun z'änneren an dem éischte Vott an der Chamber den 20. Oktober 2021, gouf vun engem Comité d'initiative vun aacht Leit e Referendum doriwwer gefrot, sou wéi et am Gesetz vum 4. Februar 2005 virgesinn ass[1]. Op de Gemengen uechter Land goufe 7.397 gülteg Wieler gezielt, déi fir e Referendum ënnerschriwwen haten. Well d'Gesetz awer e Minimum vu 25.000 Ënnerschrëfte virgesäit, koum et net zu engem Referendum[2];
- Nodeems d'Chamber de 25. Januar 2022 d'Revisioun vun de Kapitelen I, III, V, VII, IX, X, XI an XII vun der Constitutioun am éischte Vott guttgeheescht hat, hat sech nees e Comité d'initiative – dës Kéier vun néng Leit – zesummefonnt an d'Demande gestallt fir datt e Referendum iwwer d'Ännerungspropositioun sollt organiséiert ginn[3]. An de Lëschten déi op de Gemengen uechter d'Land auslouchen, goufen 1.655 Ënnerschrëfte gezielt, wouvun der 1.652 gëlteg waren. Och déi Kéier koum et deemno net zu engem Referendum[4];
- Och nodeems d'Chamber den 9. Mäerz 2022 am éischte Vott d'Ännerung vum Kapitel II approuvéiert hat, hu siwe Leit iwwer e Comité d'initiative eng Demande gestallt fir e Referendum iwwer d'Ännerungspropositioun an d'Weeër ze leeden[5]. An de Lëschten op de Gemengen iwwer Land goufen 966 Ënnerschrëfte gezielt, wouvun der 964 gëlteg waren. Och déi drëtt Kéier koum et net zu engem Referendum[6].
- Ben Fayot, Les quatre référendums du Grand-Duché de Luxembourg - Essai ; 'Éditions de la Petite Amérique', Lëtzebuerg, 2006.
- Christian Calmes, 1919. L'Étrange Referendum du 28 Septembre ; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1979 (= 11. Band vun der Histoire Contemporaine du Grand-Duché de Luxembourg) ; 541 Säiten.
- Henri Koch-Kent, Ils ont dit NON au fascisme - Rejet de la loi muselière par le référendum de 1937 ; Lëtzebuerg, Broschür (vum Auteur selwer erausgin), 1982; 108 Säiten.
- Gilbert Trausch, Il y a cinquante ans… le 'Maulkueref'. ; in: d'Letzeburger Land, Nr. 23 / 5. Juni 1987 [= "Land"-Essay]; Ss. 8-9.
- https://web.archive.org/web/20070812064455/http://www.mtk.lu/queeschdemocratieluxembourg.html: Alfred Groff (réd.), La démocratie et les référendums au Luxembourg; in English: in Kaufmann B. & Waters M.D., Direct Democracy in Europe, Carolina Academic Press, 2004, p. 90-92
Communiqué de presse par le Premier ministre, ministre d'État, concernant le résultat de la collecte des signatures en vue de l'organisation d'un référendum sur la proposition de révision des chapitres Ier., II., III., V., VII., VIII., IX., X., XI. et XII. de la Constitution. me.gouvernement.lu (07.04.2022). Gekuckt de(n) 07.04.2022.