Ranger 7
US-amerikanesch Raumsond From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Ranger 7 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA. Et war déi siwent Sond am Kader vum Ranger-Programm fir d'Erfuerschung vum Äerdmound. Grad wéi d'Ranger 6 gouf si am Block-III-Design gebaut. D'Gewiicht war 365 Kilogramm. Am Géigesaz zu Ranger 6 gouf et e verbesserte Schutz viru Kuerzschlëss. Wéi déi fréier Missioune sollt si an de leschte Minutte virum Opschlag Biller vun der Mounduewerfläch maachen an op d'Äerd schécken.
| Ranger 7 | |
|---|---|
| Typ | Moundsond |
| Land | |
| Agentur | NASA |
| COSPAR-Bezeechnung | 1964-041A |
| Missioun | Fotograféiere vum Äerdmound |
| Mass | 365 kg |
| Start | 28. Juli 1964 |
| Startplaz | CCAFC LC-12 |
| Drorakéit | Atlas-Agena-B |
| Status | 31. Juli 1964: Opschlag um Äerdmound |

Remove ads
Missioun
D'Ranger 7 gouf den 28. Juli 1964 u Bord vun enger Atlas-Agena-B-Rakéit vum LC-12 vun der Cape Canaveral Air Force Station gestart. Nom Erreeche vun der Parkbunn op 192 Kilometer Héicht gouf d'Agena-Uewerstuf gezünt an d'Ranger 7 huet Kurs op de Mound geholl. Den 31. Juli 1964 um 13:08 Auer gouf dann aus enger Héicht vun 2.110 Kilometer dat éischt Bild vun der Äerdmounduewerfläch geholl. Am Ganzen hat d'Ranger 7 an de leschte 17 Minutte virum Opschlag um Mound 4.305 Biller an enger exzellenter Qualitéit opgeholl. Dat lescht Bild virum Opschlag hat eng Opléisung vun 0,5 Meter. D'Ranger 7 war no engem Fluch vun 68 Stonne mat enger Vitess vun 2,62 km/s am Mare Nubium opgeschloen.
D'Missioun war en Erfolleg.
Remove ads
Kuckt och
Um Spaweck
| Commons: Ranger Block 3 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- NASA: Ranger 7
- Bernd Leitenberger: D'Ranger-Moundsonden
- (en) Lunar Impact - A History of Project Ranger, Online-Versioun vun engem NASA-Buch.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads

