From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Ramm, och Grousse Kueb genannt (Corvus corax), ass e Vull vun der Gattung Kueben (Corvus), bannent der Famill vun de Kuebevullen (Corvidae).
Ramm | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Ramm, Grousse Kueb | |||||||||||||
Aner Sproochen: | de.: Kolkrabe; fr.: Grand corbeau | ||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Corvus corax |
Et ass déi bei wäitem gréisst Kuebenaart.
Wéi déi meescht Kuebe sinn d'Rammen Allesfrësser an Aasfrësser.
D'Déiere ginn no ronn 3 Joer geschlechtsräif; si liewen a feste Koppelen zesummen.
D'Eeër ginn Enn Februar/uganks Mäerz geluecht. Et sinn hirer dräi bis sechs, déi hellgréng mat groelzeg-olivbrongen Tëppelen sinn. Se si relativ kleng, 49,3 mm × 33,1 mm a weien ëm déi 27 g. No 19 bis 21 Deeg si s'ausgebréit, an déi kleng komme plakeg a blann op d'Welt. Si ginn ëm déi 6 Woche laang vun den Eltere gefiddert, a fléien dann Enn Abrëll/uganks Mee aus dem Nascht fort. Si siche sech dann an engem Ëmkrees vu bis zu 200 km en neit Revéier.
Ramme kënnen iwwer 20 Joer al ginn, wa se gefaange sinn alt iwwer 40, wéi dat bei enger vun de Ramme vum Tower of London de Fall war.
Wéinst hirer Intelligenz an hirer Fäegkeet, ze léieren, sinn d'Rammen en heefegt Theema an der Mythologie an a Legendenen a Seeërcher, wéi och an der Literatur an an der Dichtung.
Commons: Rammen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.