Ramadan

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Ramadan (arabesch رمضان ramaḍān „Summerhëtzt“) ass den néngte Mount am islamesche Moundkalenner (12 Méint à 29 oder 30 Deeg) an den islamesche Faaschtemount. De Mount virdrun ass de Scha'ban an deen duerno de Schawwal.

Vun Ufank bis zum Enn vum Ramadan däerf kee Moslem (bis op e puer Ausnamen) den Dag iwwer iessen, drénken oder intim Relatiounen hunn. D'Faaschte fänkt un, wann een um Horizont eng wäiss Sträif gesäit (e „wäisse Fuedem“), an hält owes op mam Sonnenënnergang. D'Faaschte gëtt traditionell an der Famill a mat Invitéë gebrach.

Wärend dem Ramadan praktizéieren d'Moslemen ee speziellt Gebiet vu meeschtens 11 Gebietsunitéiten („Raka“) an der Moschee, dat bis zu iwwer eng Stonn dauere kann.

Remove ads

Speziell Deeg am Ramadan

An de leschten 10 Deeg vum Ramadan läit „d'Nuecht vun der Bestëmmung“, an där déi éischt Verse vum Koran iwwermëttelt goufen. Dacks gëtt den Datum vum 27. Dag vum Ramadan uginn. Déi Nuecht vum 27. op den 28. Ramadan ass wichteg, well s'am reliéise Sënn vill „Hasanat“ (gutt Doten) mat sech bréngt.

Um Spaweck

 Commons: Ramadan – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads