Rainer Werner Fassbinder

däitsche Regisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia

Rainer Werner Fassbinder

De Rainer Werner Fassbinder, gebuer den 31. Mee 1945 zu Bad Wörishofen, Bayern, a gestuerwen den 10. Juni 1982 zu München, war en däitsche Film- a Büneregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur a Schauspiller.

Séier Fakten Pseudonym, Gebuer ...
Rainer Werner Fassbinder
Thumb
(Grafik)
Pseudonym Franz Walsch, Franz Walsh, Franz Walsz
Gebuer 31. Mee 1945
Bad Wörishofen
Gestuerwen 10. Juni 1982
München
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Westdäitschland
Aktivitéit Dréibuchauteur, Dramatiker, Filmregisseur, Schauspiller, Filmediteur, Televisiounsregisseur, Kameramann, Filmproduzent, Filmschauspiller, Theaterregisseur, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Regisseur, Artisteschen Direkter
Famill
Bestuet mat Ingrid Caven, Juliane Lorenz
Liewenspartner(in) Udo Kier, Irm Hermann, Günther Kaufmann, El Hedi ben Salem
Mamm Liselotte Eder
Zoumaachen
Thumb
Ërennerungsplack um Kino "Filmhaus" zu Bad Wörishofen
Thumb
Graf um Kierfecht zu Bogenhausen

De Fassbinder wollt d'Filmhéichschoul zu Berlin besichen, hie gouf awer net zougelooss. 1968 schreift e säin éischt Theaterstéck (Katzelmacher). E grënnt da mat der Irm Hermann, der Hanna Schygulla, dem Peer Raben an dem Kurt Raab de Grupp Antitheater.

Vun 1969 un dréint de Fassbinder ee Film nom aneren.

Seng éischt Filmer bis 1974 dréint de Fassbinder haaptsächlech mat de Schauspiller aus dem Antitheater.

1971 schreift hien eng Etüd iwwer d'Melodramen déi den Douglas Sirk zu Hollywood gedréint huet. A spéidere Filmer inspiréiert de Fassbinder sech och um Stil vun deene Mélodramen.

Ufank der 70er Joren dréit de Fassbinder eng ganz Serie bedeitend Filmer wéi: Der Händler der vier Jahreszeiten, Wildwechsel an Die bitteren Tränen der Petra von Kant.

1979 dréint de Fassbinder dunn Die Ehe der Maria Braun den éischte Film aus der sougenannter BRD Trilogie. Den zweete Film war Lola, an als drëtte koum Die Sehnsucht der Veronika Voss. Ouni Zweiwel déi dräi klasseschst a bescht Filmer vum Fassbinder.

Televisounsgeschicht huet hien och mat der Verfilmung an 13 Deeler (15 ½ Stonnen) vum Alfred Döblin sengem Roman Berlin Alexanderplatz geschriwwen.

De Fassbinder huet séier geschafft; mat Drogen huet hie sech gedoppt. Mat 37 Joer ass en un enger Iwwerdosis gestuerwen.

Filmographie

Als Regisseur

Kino

Televisioun

  • Berlin Alexanderplatz (TV-Serie) (1979) - Haaptacteuren: Günter Lamprecht, Elisabeth Trissenaar
  • Frauen in New York (1977) - Haaptacteuren: Irm Hermann, Eva Mattes
  • Bolwieser (1976) - Haaptacteuren: Kurt Raab, Elisabeth Trissenaar
  • Ich will doch nur, dass ihr mich liebt (1975) - Haaptacteuren: Vitus Zeplichal, Elke Aberle
  • Angst vor der Angst (1975) - Haaptacteuren: Margit Carstense, Adrian Hoven
  • Wie ein Vogel auf dem Draht (1974) - Haaptacteuren: El Hedi ben Salem, Brigitte Mira
  • Martha (1973) - Haaptacteuren: Margit Carstensen, Karin Baal
  • Welt am Draht (TV-Serie) (1973) - Haaptacteuren: Klaus Löwitsch, Barbara Valentin
  • Nora Helmer (1973) - Haaptacteuren: Margit Carstensen, Joachim Hansen
  • Bremer Freiheit (1972) - Haaptacteuren: Hanna Schygulla, Wolfgang Kieling
  • Acht Stunden sind kein Tag (TV-Serie) (1972) - Haaptacteuren: Gottfried John, Hanna Schygulla
  • Pioniere in Ingolstadt (1970) - Haaptacteuren: Hanna Schygulla, Harry Baer
  • Die Niklashauser Fart (1970) vum R.W.F. a Michael Fengler - Haaptacteuren: Hanna Schygulla, Michael König
  • Rio das Mortes) (1970) - Haaptacteuren: Hanna Schygulla, Michael König

Als Schauspiller

Kino

  • Kamikaze 1989 (1982) vum Wolf Gremm
  • Die Sehnsucht der Veronika Voss (1982)
  • Heute spielen wir den Boß (1981) vum Peer Raben
  • Lili Marleen (1981)
  • Bourbon Street Blues (1979) vum Hans Schönherr an Douglas Sirk
  • Die Ehe der Maria Braun (1979)
  • Adolf und Marlene (1977) vum Ulli Lommel
  • Schatten der Engel (1976) vum Daniel Schmid
  • Faustrecht der Freiheit (1975)
  • Angst essen Seele auf (1974)
  • Die Zärtlichkeit der Wölfe (1973) vum Ulli lommel
  • Händler der vier Jahreszeiten (1972)
  • Warnung vor einer heiligen Nutte (1971)
  • Whity (1971)
  • Haytabo (1971) vum Ulli Lommel
  • Der amerikanische Soldat (1970)
  • Mathias Kneissl (1970) vum Reinhard Hauff
  • Götter der Pest (1970)
  • Sonja und Kirilow haben sich entschlossen Schauspieler zu werden und die Welt zu verändern (1970) vum Ursula Strätz
  • Katzelmacher (1969)
  • Liebe ist kälter als der Tod (1969)
  • Alarm (1969) vum Dieter Lemmel
  • Der Bräutigam, die Komödiantin und der Zuhälterr (1968) vum Jean-Marie Straub
  • Mit Eichenlaub und Feigenblatt (1968) vum Franz-Josef Spieker
  • Das kleine Chaos (1966)
  • Der Stadtstreicher (1966) (

Televisioun

  • Polnischer Sommer (1981) vum Jürgen Flimm
  • Ich will doch nur, daß ihr mich liebt (1976)
  • Die Wohngenossin (1975) vum Nicos Perakis
  • Bremer Freiheit (1972)
  • Die Ahnfrau - Oratorium nach Franz Grillparzer (1971) vum Peer Raben
  • Supergirl - Das Mädchen von den Sternen (1971) vum Rudolf Thome
  • Rio das Mortes (1971)
  • Der plötzliche Reichtum der armen Leute von Kombach (1971) vum Volker Schlöndorff
  • Die Niklashauser Fart (1970)
  • Baal (1970) vum Volker Schlöndorff
  • Frei bis zum nächsten Mal (1969) vum Korbinian Koeberle
  • Al Capone im deutschen Wald (1969) vum Franz Peter Wirth
  • Tonys Freunde (1967) vum Paul Vasil

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Rainer Werner Fassbinder – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.