From Wikipedia, the free encyclopedia
De Quadrant (Véirel) ass een Ofschnëtt vun engem Plang dee vun zwou Koordinatenachse begrenzt gëtt, woubäi d'Punkten op de Grenzachsen an der Reegel zu kengem Quadrant gehéieren.
No de Konventioune gëtt den éischte Quadrant riets uewe gezeechent. An engem Kartesesche Koordinatesystem gi se géint den Auerzäresënn mat I, II, III, IV resp. 1, 2, 3, 4 bezeechent. E Punkt am éischte Quadrant huet dann all Kéier positiv Koordinaten.
Et sinn awer och aner Andeelunge gebräichlech.
Quadrant | I | II | III | IV |
---|---|---|---|---|
x-Koordinate | > 0 | < 0 | < 0 | > 0 |
y-Koordinate | > 0 | > 0 | < 0 | < 0 |
An der Trigonometrie hänken d'Virzeeche vun de Wénkelfunktioune Sinus, Cosinus, Tangens resp. Cotangens an hir 360°-Perioden dovun of, bis a wéi eng Quadranten de Wénkel sech prolongéiert:
1. Quadrant | 0–90° | + | + | + | + |
2. Quadrant | 90–180° | + | − | − | − |
3. Quadrant | 180–270° | − | − | + | + |
4. Quadrant | 270–360° | − | + | − | − |
All trigonometresch Wénkelfunktioune huet an zwéi Quadrante dat selwecht Virzeechen. Dofir ass dat Urbild vum Wäert enger trigonometrescher Funktioun, z. B. vum Sinus méideiteg.
Well kann aus engem Wénkel α am 3. oder 4. Quadrant, also π < α < 2 • π respektiv. 180° < α < 360° resultéieren.
Eng Quadrantentabell – resp. eng entspriechend Offro an engem PC-Programm – ass an der Geodesie oder Navigatioun ëmmer noutwendeg, fir aus Koordinate vun zwéi Punkte d'Richtung (den Azimut, de Kurs) ze berechnen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.