From Wikipedia, the free encyclopedia
An der Informatik bezeechent de Begrëff Server souwuel ee Computer, dee Resourcen iwwer en Netzwierk zur Verfügung stellt, wéi och de Computerprogramm, deen op deem Computer leeft.
Deementspriechend kann een zwou Definitioune fir e Server ginn:[1]
Hardwareserver kënnen an engem zouenen Netzwierk schaffen (z. B. am internen Netzwierk vun enger Entreprise) oder iwwer den Internet erreechbar sinn. D'Servere si meeschten déi am stäerksten ausgebaut Computeren an engem Netzwierk an hunn eng grouss Festplackekapazitéit an eng séier Zentralunitéit (CPU).
Generell mécht e Server nëmmen e puer Saache fir vill Clients. Gläichzäiteg kann ee Client och mat e puer Servere kommunizéieren. Alles wat e Server mécht gëtt Déngscht oder "Service" genannt. D'Konzept vum Client-Server-Modell erméiglecht et, d'Aufgaben op verschidde Computeren ze verdeelen, fir datt ënnerschiddlech Endbenotzer onofhängeg vuneneen op d'Déngschter vum Server Zougank hunn.
All Déngscht, deen iwwer en Netzwierk verfügbar ass, gëtt vun engem softwarebaséierte Server ugebueden, deen permanent aktiv ass. Nëmme sou ka séchergestallt ginn, datt Clienten (zum Beispill e Webbrowser oder en E-Mail-Programm) zu all Moment d'Méiglechkeet hunn, fir aktiv op der Server zeréckzegräifen an den Déngscht an Usproch ze huelen.
Et gëtt ënnerschiddlech Typpe vu Serveren, dorënner:[1][2]
Commons: Server – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.