Privat

From Wikipedia, the free encyclopedia

Privat (vum lat. privatus, PPP vu privare, „ofgesonnert, getrennt, ewech vun“, privatum, „dat Eegent“ a privus, „war fir sech besteet“) gi Géigestänn, Beräicher an Ugeleeënheete genannt, déi net fir d'Allgemengheet sinn oder zougänglech sinn, mä just enger eenzeler Persoun oder enger limitéierter Grupp vu Persoune gehéieren, déi sech no stinn.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem soziologeschen a juristische begrëff "privat". Fir lëtzebuergesch Medien, kuckt wgl. Privat (Medien).

Am allgemenge Sproochgebrauch ass mat privat meeschtens de Contraire vun "ëffentlech" (oder "public") gemengt. Et bedeit da sou vill wéi "perséinlech" oder "an engem vertraute Kader" (z. B. an der Zesummesetzung "Privatsphär").

An der Ekonomie an an der Gesellschaft gi mat "privat" déi Organisatiounsforme bezeechent, déi net "ëffentlech", dat heescht vu staatlechen oder para-staatleche Strukture gedroen oder geleet ginn (z. B.: Privatschoulen, Privat-Televisioun, etc.). Vu Privatiséierung gëtt an deem Kontext geschwat, wann eng ëffentlech Trägerschaft un eng privat iwwerdroen (z. B. duerch Konzessioun) oder verkaaft gëtt. D'Géigendeel an deem Fall ass "Verstaatlechung".

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.