Primaten

From Wikipedia, the free encyclopedia

Primaten

D'Primaten (Primates) oder Härendéieren sinn eng Uerdnung vun héich entwéckelte Mamendéieren.

Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...
Primaten
Thumb

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Ënnerklass Theria
Iwweruerdnung: Euarchontoglires
Uerdnung: Primaten
Wëssenschaftlechen Numm
Primates
L. 1758
Ënneruerdnungen

Afe mat fiichte Nuesen
Afe mat dréchenen Nuesen

Zoumaachen

Hir Entwécklung huet viru méi wéi 80 Millioune Joer ugefaangen, wou si primär an de Beem gelieft hunn. Am Ganze gëtt et haut 250 lieweg Aarten. Et gëtt tëscht zwou verschiddene Gruppen ënnerscheet: Afe mat fiichten Nuesen (Strepsirrhini) an Afe mat dréchenen Nuesen (Haplorrhini). Zu der leschter Kategorie gehéiert och de Mënsch.

Geschicht

Zur Entwécklung vun den éischte Primate koum et an der Period vum Eozen virun 58 bis 37 Millioune Joer. Um Enn vun dëser Zäit ware si schonn an zwou Gruppen agedeelt, an zwar an d'Alweltafen, déi Afrika an Asien bewunnen, an d'Neiweltafen, déi Amerika bewunnen.

An der Period vum Oligozen sinn dunn déi héich Primaten entstanen. Am fréie Miozen viru ronn 24 bis 20 Millioune Joer koumen d'Mënschenafen.

Liewensweis

Systematik

  • Primaten
    • Ënneruerdnung Afe mat fiichte Nuesen (Strepsirrhini)
      • Infrauerdnung Lemuriformes
        • Iwwerfamill Cheirogaleoidea
          • Famill Kazemakien (Cheirogaleidae)
        • Iwwerfamill Lemuroidea
          • Famill Lemuren (Lemuridae)
          • Famill Wiselmakien (Lepilemuridae)
          • Famill Indridae
      • Infrauerdnung Chiromyiformes
        • Famill Daubentoniidae
      • Infrauerdnung Lorisiformes
        • Famill Lorisidae
        • Famill Galagidae
      • Infrauerdnung Adapiformes
    • Ënneruerdnung Afe mat dréchenen Nuesen (Haplorrhini)
      • Infrauerdnung Tarsiiformes
        • Famill Koboldmakien (Tarsiidae)
      • Infrauerdnung Simiiformes
        • Neiweltafen (Platyrrhini)
          • Famill Cebidae
          • Famill Nuetsafen (Aotidae)
          • Famill Sakiafen (Pitheciidae)
          • Famill Klamerschwanzafen (Atelidae)
          • Famill Krallenafen (Callitrichidae)
        • Alweltafen (Catarrhini)
          • Iwwerfamill Cercopithecoidea
            • Famill Cercopithecidae
          • Iwwerfamill Hominoidea

Um Spaweck

Commons: Primates – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.