From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Porte ouverte ass eng Aktioun, déi vun engem Betrib, enger Institutioun oder soss enger Ariichtung organiséiert ass, bei där fir eng limitéiert Zäit de Public sech gratis alles oder nëmmen en Deel dovun ukucke kann, sief et nodeem e sech ugemellt huet oder einfach sou. Dacks sinn dat Beräicher, déi soss net allgemeng zougänglech sinn. Dat kann eng eemoleg Aktioun sinn, z. B. fir e Jubiläum, oder e reegelméissegt Evenement, dat all Joer oder z. B. all zwee oder fënnef Joer organiséiert gëtt.
Dat erlaabt et enger Fabrick, enger Dréckerei, engem Spidol, sech op eng praktesch Manéier "opzemaachen" an de Leit den Oflaf an deem Betrib oder där Institutioun z'erklären.
Och Schoulen (Secondaires-Schoulen, Héichschoulen, Universitéiten,...) maache Porte ouverten, fir et intresséierte Schüler aus de Graden dodrënner méi einfach ze maachen, sech hir Schoul a gewësse Limitten eraussichen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.