Podolsk

From Wikipedia, the free encyclopedia

Podolsk
Remove ads

Podolsk (Подольск) ass eng russesch Stad am Oblast Moskau, ronn 40 km südlech vu Moskau. Si ass de Verwaltungszentrum vum Rajon Podolsk an huet eng 180.000 Awunner (Stand 2010).

op ee Bléck Land, Federatiounskrees ...
Thumb
Den Zentrum vu Podolsk (Vue aus dem Norden op d'Lenin Plaz)

Duerch d'Stad fléisst d'Pachra, e rietsen Niewefloss vun der Moskwa.

Remove ads

Geschicht

Aus der zanter 1627 bekannter Klouschtersiidlung Podol (Подол) gouf mat der Attributioun vum Stadrecht 1781 Podolsk. Mam Bau vun der Eisebunnsstreck vu Moskau no Süde Richtung Kursk a weider op d'Krim huet d'Stad e grousse Schotz no vir gemaach. D'Industrialiséierung huet Enn vum 19. Joerhonnert ugefaangen. An der kommunistescher Ära ass Podolsk zu engem bedeitenden Industriezentrum mat Maschinnebau- an Zementfabrécke gewuess. Donieft hunn e puer Bildungsinstitutiounen do hire Sëtz.

Zum Kuckeswäerte gehéiert déi 1825 gebauten Dräifaltegkeetskathedral.

Zu Podolsk gëtt eng Erëmopbereedungsanlag fir ofgebrannte Kärbrennstoffelementer bedriwwen. D'Stad ass och Sëtz vum Kärreakter-Konstruktiounsbüro OKB Gidropress.

Remove ads

Bevëlkerungsentwécklung

Am Joer 2007 goufen zu Podolsk 1972 Kanner gebuer, dovu waren der 1.040 Meedercher an 932 Jongen. Déi duerchschnëttlech Liewenserwaardung an der Stad louch bei 67 Joer. Frae goufen an der Moyenne 73 a Männer 61 Joer al.

Méi Informatiounen Joer, Awunner ...
Remove ads

Bekannt Podolsker

  • Sergei Alexandrowitsch Makarow (* 1973), Speerwerfer
  • Denis Andrejewitsch Tolpeko (* 1975), Äishockeyspiller

Um Spaweck

Thumb
Déi russesch-orthodox Dräifaltegkeetskathedral zu Podolsk
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads