D'Pistasch ass d'Steefruucht vum Pistaschebam (Pistacia vera), aus der Famill vun den Anacardiacea.

Séier Fakten Wëssenschaftlech Klassifikatioun, Räich ...
Pistasch
Thumb
Pistacia vera, Zort 'Kerman' mat zeidege Steefriichten
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Uerdnung Sapindales
Famill Anacardiaceae
Gattung Pistacia
Aart Pistasch
Wëssenschaftlechen Numm
''Pistacia vera''
Carl von Linné
Zoumaachen

Et ass dëst e Lafbam, dee bis zu 12 m héich a bis zu 300 Joer al gëtt. Seng Wuerzele kënne bis 15 m déif erofgoen. D'Käre sinn oval an hunn eng dënn, haart Schuel; de Som vun der Pistasch huet eng brongelzeg Haut an en hellgréngt Bannescht (d'Keimblieder). De Som gëtt an engem zweejäregen Turnus rekoltéiert. Pistaschebeem hunn entweeder nëmme männlech oder nëmme weiblech Bléien.

Vun de Mastix-Pistaschebeem gëtt am Juni d'Haarz gewonnen an als Wierzmëttel, Pech oder Reezmëttel gebraucht.

Déi bedeitendst Géigenden, wou Pistaschen ugeplanzt ginn, sinn den Iran, d'USA an d'Tierkei (Gaziantep).

D'Pistaschekäre ginn am Hierscht gepléckt. Déi baussenzeg Haut gëtt ewechgespullt, da gëtt de Kär gedréchent a weiderverschafft (z. B. gëtt dat Bannenzegt gemuelen, oder d'Käre gi geréischtert a gesalzt).

Um Spaweck

Commons: Pistacia vera – Biller, Videoen oder Audiodateien

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.