From Wikipedia, the free encyclopedia
Pioneer 11 ass eng US-amerikanesch Raumsond vun der Pioneer-Rei, déi de 6. Abrëll 1973 ëm 2:11 UTC vum Launch Complex 36 op Cape Canaveral u Bord vun enger Rakéit vum Typ Atlas-Centaur gestart gouf. Déi 259 kg schwéier Sond hat d'Missioun, d'Planéite Jupiter a Saturn z'erfuerschen.
Genee ee Joer nom Start vun der baugläicher Schwëstersond Pioneer 10 sollt och Pioneer 11 de Virstouss an de baussenzege Sonnesystem woen. De Missiounsufank gouf ëm eng Startfënster zum Jupiter géintiwwer Pioneer 10 retardéiert, well gefaart gouf, d'Haaptasteroidenceinture kéint sou dicht sinn, datt se fir eng Raumsond net ze passéiere wier. Well dat awer net de Fall war, konnt Pioneer 11 wéi erwënscht starten. Sollt d'Sond no dem Laanschtfléien beim Jupiter nach funktiounsfäeg sinn, sollt si den zweete Riseplanéit Saturn usteieren.
Wéi bei der Pioneer 10 ass u Bord vun der Pioneer 11 och eng Pioneer-Plack, déi eng Informatioun iwwer d'Mënschheet dréit, fir de Fall, wou ausserierdesch Liewewiesen d'Sond fanne géifen.
Obschonn d'Sond Pioneer 11 den éischte Fluch laanscht de Saturn erfollegräich gemeeschtert hat, goufen déi wëssenschaftlech Resultater vun der Missioun bal duerch déijéineg vun deenen zwou Voyager-Sonden erweidert an iwwertraff. Dat louch dorun, datt Pioneer 11, genee wéi Pioneer 10, nëmmen deelweis déi wëssenschaftlech Erfuerschung vum bauzegste Sonnesystem zum Zil hat. Hir Missioun louch virun allem doran, den Duerchbroch zum Jupiter an zum Saturn iwwerhaapt ze packen.
Pioneer 11 ass déijéineg Sond, déi eist Sonnesystem mat der klengster Vitess verléisst.
Commons: Pioneer-Missionen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.