From Wikipedia, the free encyclopedia
De Petrus Särkilax, eigentlech Pietari Särkilahti, 1529 gestuerwen, war e finnesche Geeschtlechen, Humanist, Unhänger vun der Reformatioun an ee Pionéier vun der finnescher Kultur- oder Héichsprooch.
De Petrus Särkilax huet eng Zäit zu Wittenberg studéiert, wou en ë. a. de Martin Luther als Professer hat. Zu Wittenberg huet hie sech iwweregens (viru 1522) bestuet, obwuel hie scho Priister war.
Zeréck a Finnland, dat an där Zäit een Deel vum Kinnekräich Schwede war, huet de Petrus Särkilax de jonke Mikael Agricola zu Turku (Abå) kennegeléiert. Den Agricola, dee säi Schüler gouf, huet nom Doud vum Särkilax deem säi Wierk weidergeféiert.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.