De Moundkrater Peary ass eng Ramplifläch mat engem Duerchmiesser vun 85 km no beim Nordpol vum Äerdmound.
De Krater Peary | |
Koordinaten | 88°37'48"N, 24°24'0"O |
---|---|
Duerchmiesser | 78,8 km |
Déift | 3.500 m |
Selenographesch Längt | 25° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Robert Edwin Peary |
Genannt am Joer | 1964 |
Moundvéiereck | LQ01 |
De Peary beréiert mat sengem Kraterrand de Nordpol an ass domat déi Struktur, déi dem Pol am nächste läit. Genee wéi säi südleche Noper Byrd aqn den Hermite am Weste ass hie vun der Äerd aus duerch d'Libratioun nëmmen zäitweileg ganz um Rand ze gesinn. Seng héichgeleeë Ränner an e puer Héichten an der Ëmgéigend befannen sech ëmmer am Sonneliicht a ginn – wéi um Moundsüdpol – "Bierger vum éiwege Liicht" genannt.
An de Pläng fir e stännege Mound-Observatoire gëtt de Peary als eng méiglech Standplaz a Betruecht gezunn, awer och d'Regioun vum Krater Shackleton an der Géigend vum Südpol. An der Ëmgéigend béider Moundpole gouf 1996 fir d'éischt Spuere vun Waasseräis entdeckt, wat nieft de gënschtegen astronomeschen Observatiounsbedéngungen e Plus fir eng permanent Moundstatioun wier.
Kuckt och
- Moundkolonisatioun
- Moundrécksäit
Kuckt och
Um Spaweck
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.