politesch Partei zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Partei vun de Baueren, dem Mëttelstand an den Aarbechter (de: Partei der Bauern, des Mittelstandes und der Arbeiter, fr: Parti des paysans, des classes moyennes et des ouvriers) war eng lëtzebuergesch politesch Partei, déi an den 1930er Joren aktiv war.[1]
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Partei vun de Baueren, dem Mëttelstand an den Aarbechter. Fir d'Partei mam änlechen Numm, kuckt wgl. Baueren- a Mëttelstandspartei. |
Si ass just bei de partielle Chamberwalen 1937 ugetrueden, an dat och nëmmen am Walbezierk Norden. Do war de Pierre Prüm deen eenzege Kandidat vun der Partei dee gewielt gouf. Gläichzäiteg gouf hien awer och am Walbezierk Zentrum fir d'Demokratesch Lëscht an d'Chamber gewielt.
1937 krut d'Partei 32.265 vun den 317.739 gëltege Stëmmen (10%) am Nordbezierk. Dat waren déi eenzeg Chamberwalen, bei deenen d'Partei matgemaach hat.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.