Remove ads
italieeneschen Astronom an Astrophysiker From Wikipedia, the free encyclopedia
De Paolo Maffei, gebuer den 2. Januar 1926 zu Arezzo, a gestuerwen den 1. Mäerz 2009 zu Foligno, war en italieeneschen Astronom an Astrophysiker vun internationalem Ruff.
Paolo Maffei | |
---|---|
Gebuer |
2. Januar 1926 Italien |
Gestuerwen |
1. Mäerz 2009 Foligno |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Educatioun | Universitéit vu Florenz |
Aktivitéit | Astronom, Historiker, Astrophysiker |
De Maffei hat säi Studium zu Florenz absolvéiert. Uschléissend hat hien als Astronom am Observatoire vun Arcetri, an deene vun Asiago a Bologna souwéi an deem vun Hamburg geschafft. Spéider gouf hie Leeder vum Observatoire vu Catania.
Dem Maffei seng Aarbechtsgebidder waren d'Koméiten, d'Verännerlech Stären, d'Entwécklung vum Universum an d'Geschicht vun der Astronomie. Hie war ee vun de Pionéier vun der Infraroutastronomie. 1968 huet hie bei Observatiounen am noen Infraroutberäich déi elliptesch Risegalaxie Maffei 1 an d'Balkespiralgalaxie Maffei 2 entdeckt, déi gréisst Membere vun der Maffei-Grupp.
De Maffei gouf wéinst ettleche Publikatioune bekannt, ënner anerem och iwwer de Koméit Halley.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.