From Wikipedia, the free encyclopedia
De Péiter vun Uespelt, tëscht 1240 an 1245, mat grousser Warscheinlechkeet zu Tréier[1] gebuer, a gestuerwen de 5. Mee 1320 zu Mainz, war Bëschof vu Basel, Kanzler vu Béimen a, vun 1306 bis zu sengem Doud, Äerzbëschof vu Mainz. Hie war ausserdeem de Grënner vum Karthaiserklouschter vu Mainz.
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Péiter vun Uespelt | |
---|---|
De Péiter vun Uespelt, am Codex Balduini Trevirensis. | |
Gebuer |
1240 jul. Uespelt |
Gestuerwen |
4. Juni 1320 jul. Mainz |
Nationalitéit | Däitschland, Lëtzebuerg |
Educatioun |
Universitéit vu Bologna, Universitéit vu Padua, Paräisser Universitéit |
Aktivitéit | Dokter, Kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof |
Hie war der Rei no Titulaire vun der Par Bartreng (wou e sech allerdéngs ni gewisen huet, mä vu sengem Monni Paulin vertruede gouf), Kaploun an Hausdokter um Haff vum Rudolph vun Habsburg, Doumprobst zu Tréier, dunn zu Prag, vun 1297 bis 1305 Bëschof vu Basel a Kanzler vu Béimen, a vun 1306 bis 1320 Äerzbëschof vu Mainz.
De Péiter vun Uespelt war e wichtegen Acteur an der Entwécklung vun de Lëtzebuerger Dynasten hirer Hausmuechtpolitik: Hien huet eng wichteg Roll bei der Wal vum Heinrich VII. zum däitsche Keeser gespillt, an hien huet et, als dichtegen Diplomat, fäerdegbruecht, datt de Jang vu Lëtzebuerg (spéider als "Jang de Blanne" bekannt) déi eenzeg Ierwin vu Béimen, d'Elisabeth, bestuede konnt, wat him dann och d'Kinnekskroun vun deem Land abruecht huet.
Hien huet souwuel de Jang vu Lëtzebuerg zum Kinnek vu Béimen, wéi och de Ludwig IV. vu Bayern zum réimesch-däitsche Keeser gekréint.
Commons: Péiter vun Uespelt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.