Den Olympesche Fändel ass eent vun den Olympesche Symboler a gouf 1913 vum Pierre de Coubertin entworf. Et ass e Fändel mat engem wäissen Hannergrond op deem fënnef Réng a verschiddene Faarwen (blo, giel, schwaarz, gréng a rout) drop sinn, déi matenee verbonne sinn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Olympesch Réng.
De Fändel gouf am Joer 1913 vum Pierre de Coubertin entworf a bei Geleeënheet vum 20-järegen Anniversaire vun der olympescher Beweegung um Kongress zu Paräis am Juni 1914 presentéiert. Seng Symbolik ass eng modern Kreatioun a steet net an Zesummenhang mat enger anticker Zeechnung. De Fändel ass awer eréischt 1920 fir d'éischt bei den Antwerpener Spiller opgezu ginn, well d'Spiller 1916 zu Berlin wéinst dem Éischte Weltkrich ausgefall waren.
De Pierre de Coubertin sot iwwer de Fändel[1]:
„Le drapeau olympique, on le sait, est tout blanc avec, au centre, cinq anneaux enlacés : bleu, jaune, noir, vert, rouge ; l’anneau bleu en haut et à gauche à côté de la hampe. Ainsi dessiné, il est symbolique ; il représente les cinq parties du monde unies par l’Olympisme et ses cinq couleurs d’autre part reproduisent celles de tous les drapeaux nationaux qui flottent à travers l’univers de nos jours.“
Fir d'Erëffnungszeremonie vun den Olympesche Spiller droen d'Athleeten de Fändel horizontal an de Stadion, ier en dann op eng Fändelsstaang opgezu gëtt. Wéi d'Olympesch Flam, déi wärend de Spiller brennt, flattert de Fändel bis zur Ofschlosszeremonie am Stadion. Da gëtt en erofgeholl an dem Buergermeeschter oder Gouverneur vun der Stad déi déi nächst Spiller organiséiert, iwwerginn. Deen hëlt de Fändel da mat a seng Stad, wou e bis zum Ufank vun den nächste Spiller opgezu ka ginn.
- Den Olympesche Fändel an der Versioun déi tëscht 1920 an 1986 benotzt gouf
- Al Versioun vum Fändel, vun 1986 bis 2010. E Sputt ronderëm de Réng mécht et méi liicht fir d'Symbol op Stoff ze drécken
- Aktuell Versioun vum Olympesche Fändel
Commons: Olympesche Fändel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Pierre de Coubertin et Norbert Müller (dir.), Comité international olympique, , t. II : Olympisme, Zurich, Weidmann, 1986, 760 p. (ISBN 3-296-18002-8 et 978-3-296-18002-1), p. 470.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.