ďäitsche Schrëftsteller a Philosoph From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Novalis, gebuer den 2. Mee 1772 um Schlass Oberwiederstedt, a gestuerwen de 25. Mäerz 1801 zu Weißenfels, mam richtegen Numm Georg Philipp Friedrich von Hardenberg, war en däitsche Schrëftsteller vun der Fréiromantik a Philosoph.
Den Novalis war dat zweet vun eelef Kanner. 1794 huet hie säin Droitsstudium, dat en zu Jena, Leipzig a Wittenberg gemaach hat, ofgeschloss. Am Mäerz 1795 huet hie sech mat der zwielefjäreger Sophie von Kühn fiancéiert, ouni datt seng Elteren eppes dovu wossten. No hirem Doud, 1797, goung hien op Freiberg viru studéieren, virun allem Chimie a Physik. 1798 huet hie sech mat der Julie von Charpentier verloobt, ma wéinst senger méintelaanger Kränkt, un där en 1801 gestuerwen ass, koum et net méi zum Bestietnes.
A sengem Wierk fënnt een eng Rëtsch typesch romantesch Theemen, wéi d'Verlaangeren, Melancholie, Verlaangeren nom Doud, ... Och d'Motiv vun der Nuecht spillt eng wichteg Roll a senge Gedichter (Hymnen an die Nacht, 1799-1800). D'Nuecht ass doran de Schlëssel, fir d'Welt se begräifen, well se d'Ae vun der Séil opméich. Déi Blo Blumm déi als éischt am Heinrich von Ofterdingen virkënnt, ass e Motiv, dat besonnesch mam Novalis verbonnen ass, an an där verschidden Elementer zesummekommen: Dram, Poesie, Léift, an de Wonsch no Onendlechkeet. Dem Novalis säi Wierk ass fragmentaresch bliwwen. Eng Partie Texter goufe 1798 zesummen a Glaube und Liebe oder der König und die Königin erausbruecht. 1799 huet hien an Die Christenheit oder Europa seng Visioun vun der europäescher Kultur beschriwwen (am Stil vum Chateaubriand). Si géif am Mëttelalter ufänken an hätt mat der Franséischer Revolutioun en Déifpunkt erreecht, no deem et nees biergop géing.
Vun Hymnen an die Nacht sinn zwou Versioune bekannt: eng ursprénglech, mat fräie Versen, an eng a Form vu rhythmescher Prosa, déi an der Zäitschrëft "Athenäum" vun de Bridder Schlegel erauskoum.
Den Novalis huet och un engem Roman geschafft, Heinrich von Ofterdingen, deen en awer net méi fäerdeg krut.
Den Novalis hat e groussen Afloss op den europäesche Symbolismus.
Eepik
Philosophie
Commons: Novalis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.