australesche Sänger, Schrëftsteller From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nicholas Edward "Nick" Cave, gebuer den 22. September 1957 zu Warracknabeal, ass en australesche Sänger a geleeëntlech och Schrëftsteller.
Nick Cave | |
---|---|
Den Nick Cave am Joer 2009 | |
Gebuertsnumm | Nicholas Edward Cave |
Gebuer |
22. September 1957 Warracknabeal |
Nationalitéit | Australien |
Aktivitéit | Schauspiller, Sänger, Komponist, Romancier, Schrëftsteller, Librettist, Dréibuchauteur, Pianist, Liddermécher, Lidderschreiwer, Filmregisseur, Museker |
Member vun | Nick Cave and the Bad Seeds, Grinderman, The Birthday Party |
Am beschte bekannt ass en als Frontman vun der Rockgrupp Nick Cave and the Bad Seeds, déi hien 1983 mam Mick Harvey, dem Blixa Bargeld (Sänger vun den Einstürzenden Neubauten) an dem Barry Adamson gegrënnt huet. 2006 huet hien zousätzlech d'Garage-Rockgrupp Grinderman forméiert, déi awer haaptsächlech aus Membere vun de Bad Seeds besteet.
Säi kommerziell am erfollegräichste Lidd war 1995 säin Duett mam Kylie Minogue Where the Wild Roses Grow.
Allgemeng ass säi Stil relativ melancholesch mat engem klengen Hang zur Romantik. D'Texter vu senge Lidder sinn dacks literaresch beaflosst, ë. a. vun der Bibel.
De 15. November 2013 ass hien an der Rockhal opgetratt.
Hie krut 1991 mat der brasilianescher Journalistin Viviane Carneiro ee Bouf, huet sech awer vun der Mamm getrennt an 1999 d'Model a Schauspillerin Susie Bick bestuet.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.