Nesselsucht

From Wikipedia, the free encyclopedia

Nesselsucht
Remove ads

Nesselsucht (oder: Urtikaria) ass eng Hautkrankheet wou sech op der Haut Quaddelen bilden an et zu staarken Hautreizunge ka kommen. A ville Fäll verginn dës Reizungen erëm sou séier wéi se komm sinn, kënnen awer och a méi schwéiere Fäll chronesch ginn.

Thumb
Nesselsucht um Been
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!
Remove ads

Symptomer

Op der Haut bilde sech rout Schwellungen an et kënnt zu staarken Hautreizungen, déi zum Kraze verleeden.

Ursaachen

Zu den Ursaachen zielen allergesch Reaktiounen, wéi z. B. op bestëmmt Liewensmëttel, Hëtzt, Keelt oder de Kontakt mat verschiddene Stoffer. Bei de Liewensmëttel sinn et virun allem Nëss, Äerdbieren, Mieresfriichten oder Fësch wou et zu der Nesselsucht ka kommen.

Therapie

Fir d'Nesselsucht ze behandele soll ee just den Ausléiser erkennen, z. B. duerch Allegiertester, an en da vermeiden. Et kann een och e Medikament (Antihistaminika) huele fir datt d'Symptomer ofhuelen.

Kuckt och

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads