Den nationale Regëster vun den Uertschaften an de Stroossen, offiziell Registre national des localités et des rues, ass déi Referenzlëscht vun den Nimm vun de lëtzebuergeschen Uertschaften a Stroossen am Lëtzebuerger Land. Dee Regëster gouf vum Kadaster a vum Centre informatique de l'État ageriicht, an dës Datebank ass fir déi staatlech Instanzen déi Referenz vun de lëtzebuergeschen Adressen.
D'Gesetz vum 25. Juli 2002[1] iwwerdréit dem Kadaster d'Zoustännegkeet fir d'Opstellen, d'Verwalten, d'Verbreeden an d'Mise à jour vu sou engem Regëster, deen d'Nimm vun den Uertschaften, de Stroossen an d'Nummere vun de Gebaier enthale muss.
D'Gemenge sinn, nieft e puer staatlechen Instanzen, déi wichtegst Partner fir d'Donnéeën ze liwweren.
Follgend Donnéeë ginn am Regëster gefouert:
- Numm vum Verwaltungsdistrikt
- Numm vum Kanton
- Numm vun der Gemeng
- Numm vun der Uertschaft
- Numm vun der Strooss
- Nummer vum Gebai / Haus
- Postcode vum Gebai (an Zesummenaarbecht mat der Post)
De Regëster ass um Internet ëffentlech zougänglech an duerchsichbar.
- Cf. den Artikel 2, Punkt g in: Loi du 25 juillet 2002 portant réorganisation de l'administration du cadastre et de la topographie. Mémorial A Nr. 108: 2744-2749, 11.09.2002.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.