From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Omeganiwwel (och mat Messier 17 oder NGC 6618 bezeechent, seelen och Schwanenniwwel oder Houfeisenniwwel) ass en Emissiounsniwwel am Norddeel vum Stärebild Sagittarius. En huet eng visuell Magnitude vu +6,00 mag an en Duerchmiesser vun 11'.
Date vum Omeganiwwel | |
---|---|
Objettyp | Emissiounsniwwel (Typ H-II) |
Stärebild | Sagittarius (Sgr) |
Positioun (Equinoxe J2000.0) | |
Rektaszensioun | 118h 20m 48,00s |
Deklinatioun | -16° 11' 00,0" |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | +6,00 mag |
Wénkelduerchmiesser | 11,0' |
Physikalesch Daten | |
Gehéiert zum | Sagittarius-Carina Aarm (Mëllechstrooss) |
Distanz | zirka 5.000 Liichtjoer |
Absolut Hellegkeet | -7,0M |
Absolutten Duerchmiesser | zirka 40 Liichtjoer |
Radialvitess | |
Geshicht | |
Entdecker | J.-P. de Chéseaux |
Entdeckungsjoer | 1745 |
Katalogbezeechnungen | |
Messier 17, NGC 6618 |
Hie gëtt duerch d'Stralung vun de bannenzege jonke Stären zum liichten ugereegt a liicht an engem roude bis rosae Faarftoun. E läit am Sagittarius-Aarm, engem niwwelräiche Stäregebuertsgebitt, an erstreckt sech am siichtbare Beräich iwwer 15 Liichtjoer. D'Matièreusammlung dogéint erstreckt sech wäit weider iwwer 40 Liichtjoer am Duerchmiesser. Et entstinn ëmmer nach Stären an dësem H-II-Gebitt, wat och déi jonk 35 Stäre weisen, déi am Kugelstärekoup bannen am Niwwel verstoppt sinn. Den Niwwel ëmfaasst ronn 800 Sonnemassen.
Commons: Messier 17 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.