oppene Stärekoup am Stärebild Cancer From Wikipedia, the free encyclopedia
De Messier 67 (och bezeechent als NGC 2682) ass e +6,9 mag hellen oppene Stärekoup mat enger Wénkelgréisst vun 30' am Stärebild Cancer. De Stärekoup ass mat ronn 500 Memberen zimmlech liicht mat enger Spektiv ze fannen.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Stärebild | Cancer (Cnc) | ||||
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |||||
Rektaszensioun | 08h 51m 18s | ||||
Deklinatioun | + 11° 48'[1] | ||||
Ausgesinn | |||||
Konzentratiounsklass | II,2,m (Trumpler), f (Shapley)[2] | ||||
Visuell Magnitude | 6,9[1]m | ||||
Wénkelduerchmiesser | 30'[2] | ||||
Hellste Stär | 10,0[2]m | ||||
Physikalesch Donnéeën | |||||
Distanz | 2700 PC = 830[2](Lj) | ||||
Routverrécklung | (108 ± 4) ∙ 10−6 | ||||
Radialvitess | (+32,3 ± 1,1)[1] | ||||
Alter | 4 Mrd.[2] | ||||
Geschicht | |||||
Entdecker | J. G. Köhler | ||||
Entdeckungsdatum | 1779 | ||||
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |||||
M | 67 | ||||
NGC | 2682 | ||||
C | 0847+120 | ||||
OCl | 549 | ||||
Cr | 204 | ||||
Lund | 490 |
Wëssenschaftlech zielt de Messier 67 zu engem vun deene Stärekéip déi am grëndlechsten ënnersicht goufen. De Grond dofir ass säi fir en oppene Stärekoup, ongewéinlech héijen Alter, deen op 3,5 bis 5 Milliarde Joer geschat gëtt. Z'erkennen ass dat un der Lag vum sougenannten Ofzweigpunkt am Faarwen-Hellegkeets-Diagramm: de Koup huet keng Haaptreiestäre vum Spektraltyp F oder méi waarm an déi hellst Stäre vum Koup sinn all Iwwerrisen. De Koup huet bal 200 nogewise wäiss Zwergen, iwwer 100 sonnenänlech Stären a vill rout Risen. Och d'Metallizitéit vun de Membere vum Koup deiten op en Alter vun de Stären, dee vergläichbar mat deem vun eiser Sonn ass.
Vill wëssenschaftlech Ënnersich konzentréiere sech op d'Entwécklung vun de Stären, well all d'Membere vum Messier 67 bal zur selwechter Zäit entstane sinn an déi selwecht Distanz zum Observateur op der Äerd hunn. Eng kleng Zuel vu bloen Nokommen (Blue Straggler) sinn déi eenzeg Ausnam an hiren Urspronk ass nach net ganz kloer.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.