planetareschen Niwwel From Wikipedia, the free encyclopedia
Den NGC 1535 ass den hellste planetareschen Niwwel am Stärebild Eridanus. Den NGC 1535 huet en Duerchmiesser vu 45" an huet eng visuell Magnitude vun 10,5 mag. Den Niwwel ass op d'mannst 1500 Liichtjoer vun der Äerd ewech. Hie gouf den 1. Februar 1785 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.
Foto, opgeholl mat engem 80 cm-Teleskop | |
Stärebild |
Eridanus (Eri) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 04h 14m 15,8s |
Deklinatioun | - 12° 44' 22,0" |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | 10,55 mag |
Visuell Magnitude (B-Band) | 11,6 mag |
Wénkelduerchmiesser | 0,74 × 0,70 |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | > 1500 Lj. / > 500 PC |
Routverrécklung | (−5 ± 7) ∙ 10-6 |
Radialvitess | (−1 ± 2) |
Geschicht | |
Entdecker | Wilhelm Herschel |
Entdeckungsdatum | 1. Februar 1785 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
CS | 12.2 |
GC | 826 |
h | 2618 |
H | 4.26 |
IRAS | 04119-1251 |
NGC | 1535 |
PK | 206-40.1 |
2MASX | J04141578-1244216 |
D'Hellegkeet vum NGC 1535 reecht zwar fir eng Observatioun mat engem klengen Teleskop mat zirka 70 mm Ëffnung aus, mä do fënnt een awer nëmmen e schwaacht, stellart Objet. An engem méi groussen Teleskop vun zirka 6" Ëffnung ass den NGC 1535 scho méi opfälleg. Den 12-mag-Zentralstär ass awer selwer mat 10" Ëffnung eppes méi schwéier z'observéieren, eng erfollegräich Observatioun setzt en entspriechend gutt Seeing viraus.
2MASX J04141578-1244216 • IRAS 04119-1251 • CS=12.2
Commons: NGC 1535 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.