Nürnberg
Groussstad a Bayern, Däitschland From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
Nürnberg ass eng Stad an der Bundesrepublik Däitschland. Mat ronn 500.000 Awunner (2014) ass si no München déi gréisst Stad vu Bayern.
Remove ads
Geschicht
D'Stad gouf wuel uganks um 11. Joerhonnert gegrënnt. Als keeserleche Stützpunkt an Openthaltsuert krut se séier Bedeitung fir d'Räich. Handwierk an Handel hunn hiert grad sou dozou bäigedroen.
Am 19. Joerhonnert huet sech Nürnberg zu engem industriellen Zentrum a Bayern entwéckelt, ë. a. am Beräich vu Motoren, Dréckereiwiesen a Spillgezei.
A der Zeit vum Nationalsozialismus gouf se zur "Stad vun de Reichsparteideeg", an op sou engem Parteidag goufen d'Nürnberger Rassegesetzer eestëmmeg beschloss. Spéider am Krich war se d'Zil vun enge sëllegen alliéierte Loftugrëffer, déi d'Stad mat hirer historescher Bausubstanz zu 90% zerstéiert hunn. De Justizpalais mat dernieft dem Prisong hunn awer bal kee Schued dervugedroen, soudatt vun November 1945 un hei an net zu Berlin d'Nürnberger Prozesser géint Krichsverbriecher vun der Nazidiktatur gefouert goufen.
Remove ads
Fotosgallerie
- Alstad
- Schöner Brunnen
- Helleg Geeschtspidol
- Al Märei
- Rëm opgebaut Alstad
Bekannt Nürnberger
- Albrecht Dürer (1471–1528), Moler a Graphiker
- Max Grundig (1908–1989), Grënner vun der Grundig AG
- Theo Schöller (1917–2004), Glacen-Entreprener
- Günther Beckstein (* 1943), CSU-Politiker a fréiere bayeresche Ministerpresident
- Marusha (* 1966), DJane
Donieft hunn awer och vill bekannte Persounen do gelieft, wéi de Georg Wilhelm Friedrich Hegel (Philosoph), de Kaspar Hauser (Huuschtekand), de Ludwig Feuerbach (Philosoph) an d'Sandra Bullock (Schauspillerin).
Kuckt och
- Fluchhafen Nürnberg
- Vëloscourse Rund um die Nürnberger Altstadt
- Nürnberger Christkindlesmarkt
Um Spaweck
Commons: Nürnberg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads