D'Avenue Monterey ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg. Se huet hiren Ufank um süd-westlechen Eck vun der Plëss a verleeft dann a Richtung Weste bis op d'Kräizung mam Boulevard Grande-Duchesse Charlotte. Den éischten Deel bis bei d'Postgebai ass Foussgängerzon; vum Boulevard Royal un ass se den éischten Deel vun der N5 déi bis op Rodange viru geet.
Numm | fr: Avenue Monterey |
---|---|
Fréieren Numm |
fr: Rue du Génie[1] de: Montereyallee |
Deel vun | N5 |
Längt | ca. 705 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Uewerstad |
Postcode | 2163 |
Koordinaten |
49° 36’ 37.3’’ N 06° 07’ 27.6’’ O |
Genannt no | Juan Domingo de Zuñiga y Fonseca |
D'Strooss ass benannt nom Grof vu Monterrey, deen tëscht 1670 a 1675 Generalgouverneur vun de Spueneschen Nidderlande war a 1671 d'Festung Lëtzebuerg ausbaue gelooss huet[2].
Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) housch d'Strooss „Montereyallee”[3].
Gebaier
Laanscht d'Avenue leien ë. a. dës Gebaier:
- Hotel de Gerden
- Postgebai
- Synagog
- Franséisch Ambassade
Biller
- An der Foussgängerzon, bei der Post
- Um Eck vum Bd Grande-Duchesse Charlotte
- Eng Rei Härenhaiser
- D'Synagog
Um Spaweck
Commons: Avenue Monterey – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- Deel tëscht der Rue Aldringen an der Rue Philippe II. Clesse, R., "Geschichtsschreibung mit der Kamera: Die ersten Photographen unserer Hauptstadt". Ons stad Nr 45, 1994
- Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.