Monopol

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

E Monopol (Algriichesch vu μόνος (monos) = „eleng“ a πωλεῖν (pōlein) = „verkafen“) nennt een an der Ekonomie eng Situatioun vun engem Maart, wou et fir eng bestëmmte Wuer oder e bestëmmte Service nëmmen een eenzege gëtt, deen dës ubitt.

Dat bréngt mat sech, datt dësen Een (de Monopolist) kenger Konkurrenz ausgesat ass, an dofir de Präis setze kann, wéi e wëll. Dobäi muss en awer beuechten, datt, wann de Präis ze vill héich ass, d'Demande erofgeet, an en sou am Ganze manner fir seng Wuer oder säi Service kritt. Dëst gouf fir d'éischt 1838 vum Augustin Cournot exakt analyséiert.

Remove ads

Kuckt och

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads