Moiren sinn déi griichesch Schicksalsgëttine genannt ginn, d'Kanner vun der Nyx (anere Quellen no vum Zeus an der Themis). Den Numm ass vum gr. μοίρες/ Μοίραι ("Moirai") ofgeleet an heescht souvill wéi Undeel, Lous, Schicksal. Et sinn dräi al Fraen:
- Klotho (d'Spënnerin) mat der Spëndel, déi de Liewensfuedem spënnt
- Lachesis (déi déi zoudeelt) mit der Schrëftroll, déi d'Liewenslous zoudeelt
- Atropos (déi net ofzeweisen ass) mat der Schéier, déi de Liewensfuedem ofschneit.
D'Moire krute grousse Respekt entgéintbruecht a souguer d'Gëtter hate keen Afloss op hir Entscheedungen. Sou kann z. B. och den Zeus net den Doud vu sengem Jong Sarpedon am Kampf géint de Patroklos am Trojanesche Krich verhënneren.
Analogien
- Nornen
- Parzen
- Zorya
Um Spaweck
Commons: Moirae – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie. |
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.