Mirjam

Schwëster vum Moses an Aaron From Wikipedia, the free encyclopedia

Mirjam

D'Mirjam (och nach Miriam oder Myriam) ass an der Bibel eng Prophéitin an d'Schwëster vum Aaron a vum Moses.

Séier Fakten Titel, Biographie ...
Mirjam
Thumb
D'Miriam op enger Glasfënster an der St.Giles Kathedral zu Edinburgh (Edward Burne-Jones1886)
Titel
Biographie
Gebuer 1400 v. Chr.
Aalt Egypten
Gestuerwen 1274 v. Chr.
Kadesch-Barnea
Papp Amram
Mamm Jochebed
Geschwëster Moses, Aaron
Aktivitéit Prophéit
Aner Informatiounen
Zoumaachen

Biblesch Geschicht

Well d'hebräescht Vollek wat an Egypten gelieft huet zu hirer ëmmer méi ginn ass, huet de Pharao den Uerder ginn, all neigebueren hebräesch Jongen am Nil z'erdränken. Dem Moses seng Mamm huet hien awer an e Kuerf, dee mat Pech waasserdicht gemaach gouf, geluecht an hien um Nil ausgesat. Dat huet d'Mirjam gesinn, an och wéi dem Pharao seng Duechter de Kuerf aus dem Nil fësche gelooss huet. Dunn ass si bei se gaangen an huet hir ugebueden eng hebräesch Fra ze sichen, déi de Bouf kéint nieren an huet dunn hir Mamm matbruecht. (2. Mose 2,1-9)

Méi spéit, wéi d'Israelitten aus Egypten ausgezu waren an dréchen duerch d'Lëtschmier komm sinn, iwwerdeems d'Egypter am Waasser erdronk sinn, hunn de Moses an och d'Mirjam, déi hei als Prophéitin bezeechent gëtt, den Härgott mat Gesang fir hir Rettung gelueft (2. Mose 15,20-21).

Wärend hirer Wanderung duerch d'Wüst ass et dacks zu Onzefriddenheeten ënner dem Vollek komm, an och d'Mirjam huet sech zesumme mam Aaron géint de Moses gestallt. Si hunn him éischtens virgeworf datt seng Fra Zippora schwaarz wär, a keng vun hinnen, an hunn a Fro gestallt, datt den Härgott eleng duerch de Moses schwätze kéint. Dat huet den Här héieren an huet d'Mirjam aussätzeg gemaach an hatt ass wärend siwen Deeg aus dem Vollek ausgeschloss ginn. (4. Mose 12,1-15)

Bedeitung

Den hebräeschen Numm Mirjam ass am Neien Testament zur laténgescher Form "Maria" ginn, den Numm dee verschidde Fraen haten, am bekanntsten d'Muttergottes, souwéi d'Maria Magdalena.

D'Bedeitung ass net ganz gekläert. Sou gëtt uginn: "Geschenk vu Gott", "Déi mat där ee frou ass" ((fr) bien-aimée), oder och nach "Battert", well de Moses zu Mara, enger Plaz an der Wüst, aus batterem Waasser mat Hëllef vun engem Bam Drénkwaasser gemaach huet. "Mara", "Mirjam" a "Maria" sollen enges sinn, well d'hebräesch Bibel keng Vokaler kennt.

"Mirjam" soll och de semiteschen Numm vun der Grousser Gëttin Mari sinn, der "fruchtbarer Mamm" an hirer Erscheinung als Miergëttin (och dohier: battert = salzegt Waasser).

Des Weidere wier d'Form "Mirjam" e Partizip vum hebräesche Verb "opstoen, erhiewen", géif also an deem Zesummenhank bedeiten: "déi Erhaben". Och d'Bedeitung "déi Ongezäämt" gëtt heiansdo ernimmt.

Varianten

Déi bekanntst Variante vum Numm sinn: Miri, Manon, Maria, Mariam, Marianne, Mariana, Marie, Marieke, Mariella, Marietta, Marion, Marisa, Marita, Mary, May, Maureen, Mieke, Mirja, Mirä, Miryam, Mirjam, Mirijam, Myriam, Mimi, Merit, Mariame, Meike, Matka, Miranda, Mia.

E puer bekannt Leit mam Numm Mirjam / Miriam

  • Marie Myriam, franséisch Sängerin
  • Miriam Hopkins, US-amerikanesch Schauspillerin
  • Miriam Krause, däitsch Schauspillerin
  • Miriam Makeba, südafrikanesch Musekerin
  • Mirjam vun Abellin, kathoulesch Séileg
  • Miriam Meckel, däitsch Politikerin a Kommunikatiounswëssenschaftlerin
  • Mirjam Pressler, däitsch Schrëftstellerin
  • Mirjam Schroth, däitsch Schauspillerin
  • Mirjam Weichselbraun, éisträichesch Fernseemoderatorin
  • Myriam Bédard, kanadesch Biathleetin
  • Myriam Cyr, kanadesch Schauspillerin
  • Myriam Casanova, Schwäizer Tennisspillerin
  • Myriam David, franséisch Schauspillerin
  • Myriam Moraly, franséisch Schauspillerin
  • Myriam Seco, spuenesch Archeologin
  • Myriam Seguy, franséische Mannequin

Namensdeeg

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Mirjam – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

    Loading related searches...

    Wikiwand - on

    Seamless Wikipedia browsing. On steroids.