Mirach (Stär)

Stär From Wikipedia, the free encyclopedia

Mirach (Stär)
Remove ads
Remove ads

De Mirach ass d'Bezeechnung vum Stär β Andromedae (Beta Andromedae). De Mirach ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär a seng Hellegkeet variéiert tëscht +2,01 a +2,10 mag. Hien ass ronn 200 Liichtjoer vun eis ewech (Hipparcos-Datebank). De Mirach ass en Iwwerris vun der Spektralklass M0 III mat enger Uewerflächentemperatur vun ongeféier 3300 Kelvin.

Mirach
β Andromedae
Thumb
D'Stärebild Andromeda mat senge Stären
Stärebild:Andromeda (And)
Daten
EquinoxeJ2000.0
Rektaszensioun01h 09m 43.9s
Deklinatioun+ 35° 37' 14"[1]
visuell Magnitude+ 2,07 mag[1]
Spektralklass:M0 III[1]
Astrometrie
Radialvitess:(+0,1 ± 0,2) km/s[2]
Parallax(16,52 ± 0,56) mas[3]
Distanz(197 ± 7) Lj
Absolut Hellegkeet−1,8 mag[3]
Physikalesch Eegenschaften
Mass:
Radius:
Liichtkraaft:
Uewerflächentemperatur
Aner Bezeechnungen
ADSADS 2362
Bayer-Bezeechnungβ Andromedae
Bonner Duerchmusterung+34° 198
Bright Star CatalogueHR 337
Flamsteed43 Andromedae
FK 542
Henry-Draper-KatalogHD 6860
Hipparcos-KatalogHIP 5447
SAO-KatalogSAO 54471
Tycho-KatalogTYC 2286/1329/1

De Mirach mécht net nëmmen d'Mëtt vum Stärebild Andromeda, mä och déi markant Fënnefstärerei, déi um Stärenhimmel vun der Nordhallefkugelbal d'ganzt Joer ze gesinn ass.

Vum Mirach 7-8° nordwestlech steet dee bekannte Andromedaniwwel (M31), déi grouss Nopeschgalaxie vun eiser Mëllechstrooss, déi meeschtens scho mat bloussem A ze gesinn ass. Duerch "Starhopping" fënnt ee si liicht iwwer déi zwéi Stäre riets iwwer dem Mirach.

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads