Minettsdapp ass eng Bezeechnung aus dem Volleksmond fir d'Awunner aus dem Süde vu Lëtzebuerg, der Minettsgéigend.

Thumb
Bildlecht Wuertspill

Wat d'Etymologie vum Wuert ugeet, sou gëtt den Urspronk heiansdo drop zeréckgefouert, datt d'Biergaarbechter zwar haart hu misse schaffen, awer als Ausgläich och grad sou gär ausgeloosse gefeiert hunn, sou freedeg wéi en Dillendapp dee sech dréint.

Eng oft als méi plausibel duergestallt Erklärung ass déi, datt ënner deenen éischte Biergleit zu Lëtzebuerg vill Uewerschlesier waren, déi dacks d'Wuert "däppig" (net ganz bei Trouscht sinn) gebraucht hunn. Déi agesiessen Awunner hunn hinnen dunn de Spottnumm "Minettsdäpp" ginn.[1]

Eng wierklech plausibel Erklärung berifft sech op de Lëtzebuerger Dictionnaire. Do gëtt et dat Wuert „Dapp“ als Begrëff fir dat bekannte Spillgezei. Donieft ass en „Dapp“ awer och e Begrëff fir eng männlech Persoun, e Kärel oder Borscht. An dann ass de Minettsdapp ganz einfach e Kärel, deen als Biergaarbechter Minett ofbaut.[2]

Referenzen

  1. Mike Stebens, Woher kommt die Bezeichnung „Minettsdapp“? Eine gesicherte Begriffserklärung gibt es nicht. Der Ursprung hat wohl eher mit Deppen als mit tanzen zu tun.. wort.lu [€] (11.08.2024). Gekuckt de(n) 11.08.2024.

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.