From Wikipedia, the free encyclopedia
De Matthäus Merian den Eeleren, gebuer den 22. September 1593 zu Basel a gestuerwen den 19. Juni 1650 zu Langenschwalbach, war e Schwäizer-däitsche Graveur an Editeur.
Matthäus Merian | |
---|---|
Gebuer |
22. September 1593 Basel |
Gestuerwen |
19. Juni 1650 Bad Schwalbach |
Nationalitéit | Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun, Schwäiz |
Aktivitéit | Kartograph, Editeur, Graphiker, Moler, Kofferstiecher, Graveur, Illustrateur, visuelle Kënschtler |
Hie koum aus der Basler Famill Merian. Hien huet eng Hellewull Landkaarten, Vuë vu Stied a Chronike publizéiert.
Säin Haaptwierk ass d'Topographia Germaniae. Dës ass tëscht 1642 a 1654, a 16 Bänn, mat Texter vum däitsche Geograph Martin Zeiler (1589-1661), erauskomm. Dono koumen nach bis 1688 weider Stied doruechter an Europa no. D'Gesamtwierk emfaasst 92 Kaarten a 1.486 Koffer-Gravurë mat 2.142 Vuë vu Stied, Uertschaften, Buergen a Kléischter, déi op 30 Bänn verdeelt waren. Et war dëst dat gréisst Publikatiounswierk vu senger Zäit.
Commons: Matthäus Merian – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.