D'Marx Brothers waren eng US-amerikaneschKomikertrupp, déi duerch Filmer a Fernsee- an Theateroptrëtter mat musikaleschen Einlage bekannt goufen an e groussen Afloss op Komiker haten, déi no hinne komm sinn.
Si huet sech zesummegesat aus de Bridder:
Chico (Leonard Marx, 22. Mäerz 1887 - 11. Oktober 1961)
Harpo (Adolph Arthur Marx, 23. November 1888 - 28. September 1964)
Groucho (Julius Henry Marx, 2. Oktober 1890 - 19. August 1977)
Gummo (Milton Marx, 23. Oktober 1892 - 21. Abrëll 1977)
Zeppo (Herbert Marx, 25. Februar 1901 - 29. November 1979)
woubäi virun allem déi dräi éischt genannt bekannt goufen.
1929 - The Cocoanuts, Regie: Robert Florey, Musek: Irving Berlin
1930 - Animal Crackers, Regie: Victor Heerman, Musek: Bert Kalmar, Harry Ruby
1931 - Monkey Business, Regie: Norman Z. McLeod
1932 - Horse Feathers, Regie: Norman Z. McLeod, Musek: Bert Kalmar, Harry Ruby
1933 - Duck Soup, Regie: Leo McCarey, Musek: Bert Kalmar, Harry Ruby
1935 - A Night at the Opera, Regie: Sam Wood, Musek: Walter Jurmann
1937 - A Day at the Races, Regie: Sam Wood, Musek: Walter Jurmann