Remove ads
lëtzebuergesche Museker a Komponist From Wikipedia, the free encyclopedia
De Marco Pütz, gebuer de 16. Mäerz 1958 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Saxophonist a Komponist.
Marco Pütz | |
---|---|
Gebuer |
16. Mäerz 1958 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist, Musikolog |
Hien huet säi Studium am Conservatoire vun Esch a vu Lëtzebuerg gemaach. Duerno huet hie sech um Conservatoire Royal de Bruxelles perfektionéiert, wou hie säin Ofschloss (Diplôme Supérieur) "avec grande distinction" am Fach Saxophon an "avec la plus grande distinction" an der Kammermusek krut. Um Conservatoire Royal de Liège huet hien e "Premier prix d'harmonie " an e " Premier Prix de direction d'orchestre" kritt.
De Marco Pütz huet iwwer 100 Wierker komponéiert, dovu ronn 55 fir Harmoniesorchester an 11 fir Sinfonieorchester. D'Majoritéit vu senge Wierker gi bei Bronsheim Music an De Haske (Holland) publizéiert. Aner Editeure sinn: Maecenas (GB), Edition-Tonger (D), Hal Leonard (USA), H.Lemoine a Sempre Più (F). Seng Wierker si bis haut op ronn 75 CDen enregistréiert ginn. Zanter 2004 huet de Marco Pütz och verschidde Wierker fir Sinfonie- a Sträichorchester geschriwwen, déi bei der Schwäizer 'Edition Kunzelmann' éditéiert goufen an och weltwäit vun Zinfonia (a Locatioun) ugebuede ginn.
International Unerkennung krut de Marco vun 1995 un, wéi hien den éischte Präis vum Concours "International Clarinet Association Composition Contest" an den USA mat sengem Quatuor pour clarinettes gewonnen huet.
Am Juni 2017 krut hien d'Plaquette d'Honneur vun der Union Grand-Duc Adolphe fir seng Verdéngschter ëm d'Blosmusek iwwerreecht.
Am Oktober 2017 krut hien zu Arnhem (NL) den ' 2017 BUMA International Brass Award ' fir seng Kompositiounen am Allgemengen, a méi speziell fir säi Bäitrag zur Blosorchesterliteratur iwwerreecht.
Am November 2024 huet hien den ' Diamond Award ' fir seng 1. Sinfonie ' FOUR COLOURS ' bei der 'Erik Satie International Music Competition' gewonnen.
Seng Kompositioune ginn uechtert d'Welt opgefouert, an et fënnt ee s'an de Programmhefter vu sou grousse Festivaller wéi: Festival International d'Echternach (L), Rencontres d'Ensembles de Violoncelles de Beauvais (F), Les Quatuors à St. Roch (Paris), Festival Radenci (Slov.), WASBE-Konferenzen (Jönköping, Singapur, Killarney, Utrecht, Prag an Cincinnati), RSAMD/Glasgow, 'World Music Contest' zu Kerkrade (NL, 2001 - 2022), CBDNA-Konferenz (Greensboro, USA/2013),EuropArt (Bréissel, 2016, 2017, 2018), asw.
Vun 1986 (zanter 1980 als Chargé de cours) bis 2018 war de Marco Pütz Professer fir Saxophon, Kammermusek an Instrumentatioun um Stater Conservatoire.
Hien huet vun 1979 u vill Concerten als Saxophon-Solist (Recitallen, Duo mat Perkussioun oder Solist mat Orchester) ginn, dorënner 6 Concerten a Russland. 1988 huet hien den éischte 'klasseschen' CD (Saxophon Arias) zu Lëtzebuerg erausbruecht.
Vun 1981 bis 2006 war hie Saxophoniste-renfort beim Orchestre philharmonique du Luxembourg an huet, an där Zäit, déi meescht vun de bekannte Saxophon-Soli am Orchester gespillt an och e groussen Deel dovun enregistréiert.
De Marco Pütz ass Grënnungsmember vum Quatuor de Saxophones de Luxembourg (1982-2006), mat deem hie Concerten am Land an am Ausland gespillt huet. En huet och mat deem Ensembel 1998 eng CD enregistréiert.
(* = Pedagogesch Stécker)
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.