De Marcel Wengler, gebuer den 20. Abrëll 1946 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuergesche Komponist an Dirigent. Hie spillt och Gittar a Mandoline.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Zoumaachen
Hien huet um Conservatoire royal vu Bréissel studéiert. Duerno war hien op der Musikhochschule vu Köln.
Wierker fir Orchester
- Sinfonietta (1976)
- Konstellationen (1980)
- Symphony No. 2 (1982)
- Versuche über einen Marsch (1984)
- Diaporama (1989)
- The Answered Question (1997)
Concertoen
- Concerto fir Cembalo a Kammerorchester (1972)
- Concerto fir Oboe a Sträichorchester (1984)
- Novellette fir Saxophon a Sträichorchester (1991)
- Concerto fir Cello an Orchester (1995)
- Concerto fir Viola an Orchester (1997)
- Concerto fir Gei an Orchester (1997)
- Concerto fir Flute an Orchester (1999)
Kammermusek
- Sträichquintett fir 2 Geien, Viola, Cello a Kontrabass (1973)
- Sonata a tre fir Gei, Klarinett a Piano (1981)
- Nach Mitternacht fir Harf (1982)
- Bakxai fir e Percussions Ensembel (1983)
- Elegie fir Trompett an Uergel (1985)
- Quartetto fir 2 Geien, Cello an Cemballo (1985)
- Ständchen (Serenade) fir Trompett a Gittar (1986)
- Tango fir 4 Klarinetten (1998)
- String Trio (1992)
- Piano Trio (1995)
- Faux Pas de Deux fir Flute an Harf (1996)
- Shadows fir 4 Saxophonen an Akkordeon (2000)
- Pas de trois for Gei, Akkordeon an Didgeridoo (2000)
Vokalmusek
- Die weisse Wildnis fir Bariton an Orchester (1982)
- Der Adler fir Mezzo-Sopran a Piano (1999)
- Le chant des Léonides, fir Sopran an Ensembel (1999)
- Der unbekannte Engel fir Sopran a Kammerorchester (2000)
- Das Karussell fir Sopran a 14 Instrumenter (2001)
als Schauspiller
- Dammentour (1992) – Regie: Paul Scheuer, Georges Fautsch, Maisy Hausemer