De Maacher Lycée ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondaires- an Héichschoul zu Gréiwemaacher.

Séier Fakten (MLG), Typ ...
Maacher Lycée
Thumb

(MLG)
Typ ëffentlech Schoul, Secondairesschoul, Héichschoul
Regimm Classique, General, Professionnel, Brevet de technicien supérieur
Land Lëtzebuerg
Adress 18 Rue de Muenschecker L-6760 Grevenmacher
Leedung Gilles Estgen
Schülerzuel 1.112
  September 2022
Gegrënnt 1969
Genannt no Gréiwemaacher
Um Spaweck https://www.maacherlycee.lu/
Zoumaachen

Geschicht

Op Basis vum Gesetz vum 16. August 1965 iwwer d'Schafe vum « Enseignement moyen »[1], gouf duerch e groussherzoglecht Reglement vum 15. Juli 1969 de Collège d'enseignement moyen et professionnel de l'Est gegrënnt deen de 15. September vum nämmlechte Joer seng Dieren (an enger fréierer Complémentaires-Schoul) opgemaach huet[2]. Deemools gouf et eng 10 Klasse mat ronn 200 Schüler.

No an no gouf d'Gebai vergréissert, an en Turnsall ass bäikomm. Den 13. Juli 1979 gouf duerch e groussherzoglecht Reglement d'Schoul an e Lycée technique ëmgewandelt a gouf Lycée technique Joseph-Bech, kuerz LTJB, gedeeft[3], nom fréiere Staatsminister Joseph Bech.

Wéi mam Gesetz vum 3. Juni 1994 de Régime complémentaire ofgeschaaft an duerch de Régime préparatoire ersat gouf[4], si fir d'Schouljoer 1994/95 13 sou Klassen ageriicht ginn.

Den LTJB war déi éischt Schoul zu Lëtzebuerg, déi differenzéierten Unterrecht an Aktivitéiten, déi no de reguläre Schoulstonnen nomëttes ofgehale ginn, agefouert huet.

Mam Schoulufank 2014/2015, gouf en neie Fligel vum Gebai ageweit an dat neit Gebai krut 2015 de Publikumspräis beim Prix luxembourgeois d'architecture 2015[5].

2018 krut de fréiere Lycée technique den neien Numm Maacher Lycée[6].

Formatiounen

De Maacher Lycée bitt Unterrecht am Secondaire Classique, General an am Professionnel un an zanter 2019 och e BTS[7].

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. Loi du 16 août 1965 portant création de l'enseignement moyen. legilux.lu (16.08.1965). Gekuckt de(n) 28.11.2022.
  2. Anne-Aymone Schmitz, Nachwuchs für Praxen. Luxemburger Wort (09.05.2019). Gekuckt de(n) 28.11.2022.

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.