Remove ads
lëtzebuergesch Operettesängerin a Schauspillerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Mésy Faber (oder Mesy Faber), gebuer den 20. Oktober 1925 als Marie-Madeleine Bergamini a gestuerwen den 2. Januar 2020 zu Beetebuerg[1], war eng Lëtzebuerger Operettesängerin[2] a Schauspillerin.
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mésy Faber | |
---|---|
Gebuertsnumm | Marie-Madeleine Bergamini |
Gebuer | 20. Oktober 1925 |
Gestuerwen | 2. Januar 2020 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Operettesänger |
No hiren Ufäng am Hollerecher Gesangsveräin koum si 1950 op d'Operettebün, déi deemools ënner der Leedung vum Auguste Donnen stoung. Mat hirer Mezzosopranstëmm huet si meeschtens Rolle vun der Soubrette iwwerholl. Si huet hir Gesangs- a Schauspillertalenter awer och an de Revuen am Theater an am Variété-Ensemble vun der Nationallotterie virgedroen.
1958 huet si zesumme mat der däitscher Sängerin Caterina Valente am Paräisser Olympia den zweete Präis an engem Chansonsconcours gewonnen, dee vun Europe 1 organiséiert gi war.
D'Mésy Faber huet ni eng professionell Karriär ageschloen, obwuel hir en ettlech Offeren, ënner anerem vum Varietétheater Bobino zu Paräis, gemaach goufen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.