D'Méchelskierch vu Kierchen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François am Dekanat Norden an zu der Gemeng Ëlwen gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch zu Kierchen (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Kierchen | |||
Par | Ëlwen–Wäiswampich Saint-François | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Méchel | |||
Architekt(en) | Antoine Hartmann | |||
Baujoer | 1870 | |||
Koordinaten | 50° 08’ 43.8’’ N 05° 58’ 58.0’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner ass den hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt, als Niewepatréiner figuréiert den hellege Remigius vu Reims, deen als Deefer vum Clovis I. an d'Geschicht agoung.
D'Kierch steet zentral am Duerf um CR337. Westlech a südlech vun der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht. Nërdlech dovu war deen ale Kierfecht, vun deem nach eng Rei Grafsteng erhale sinn.
D'Méchelskierch ass, zesumme mat der Plaz an dem Kierfecht ronderëm, zanter dem 31. Mee 1991 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert. De Mobiliar ass den 23. Abrëll 2019 explizit derbäikomm.[1]
Geschicht
Déi haiteg Kierch gouf am Joer 1870 no de Pläng vum Architekt Antoine Hartmann am neigotesche Stil gebaut, nodeems déi al Kierch dat Joer virdrun ofgerappt gouf. D'Baujoer steet a réimeschen Zuelen iwwer dem Aganksportal.
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Kierchen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Kierchen huet ausser der Parkierch vu Kierchen och nach d'Corneliuskierch vu Beesslek gehéiert.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Méchelskierch vu Kierchen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François
- D'Fënstere vun der Méchelskierch op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
- D'Kierch vun Nordweste gesinn
- D'Kierch vu Südweste gesinn
- Agank vun der Kierch
Referenzen
- Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.