ëffentlech Grond-, Secondaires- an international Schoul zu Klierf From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lycée Edward-Steichen (gekierzt: LESC) ass eng ëffentlech Grond-, Secondaires- an international Schoul zu Klierf, net wäit ewech vun der Klierfer Gare.
De "Cliärrwer Lycée" (2023) | |
Cliärrwer Lycée (LESC) | |
---|---|
Typ | ëffentlech Schoul, Grondschoul, Secondairesschoul, international Schoul |
Regimm | Fréipedagogik, Grondschoul, Classique, General, Professionnel |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Klierf |
Adress | 1 Rue Edward Steichen L-9707 Clervaux |
Leedung | Jean Billa |
Schülerzuel | 933 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
Gegrënnt | 13. Juni 2013 |
Genannt no | Edward Steichen |
Um Spaweck | https://www.lesc.lu/ |
Mam Gesetz vum 13. Juni 2013[1] gouf de Klierfer Lycée geschaf an e gouf 2016[2] nom lëtzebuergesch-amerikanesche Fotograf Edward-Steichen genannt. D'Schoul gëtt sech selwer de Slogan: „de Lycée vum 21. Joerhonnert“.
De Grondstee fir de Lycée gouf den 11. Mee 2015 geluecht[3] an en huet seng Diere fir d'Rentrée 2018/19 op gemaach. Den 21. Juni 2019 gouf en offiziell ageweit.[4] En huet Plaz fir eng 800 Schüler[5], et gëtt awer scho Pläng fir en eventuellen Ubau fir zousätzlech 400 Schüler[5].
De Bau huet ronn 75 Milliounen Euro kascht[6].
De Lycée bitt nieft den nationale Programmer (Enseignement secondaire classique, Enseignement secondaire général, Préparatoire, Formatioun professionnelle) och eng Däitsch an eng Franséisch Sektioun un.
Mam Gesetz vum 13. Juli 2018 gouf och en europäesche Programm am Kader vun enger École européenne agréée agefouert, deen ënnert dem Numm « École internationale Edward Steichen - Clervaux » funktionéiert. D'europäesch Schoul steet ënnert der Direktioun vum Lycée[8].
An der europäescher Schoul gëtt follgend Offer ugebueden[9]:
Commons: Lycée Edward-Steichen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.