From Wikipedia, the free encyclopedia
Lunarit (lat. luna, lunae f. Mound) gëtt d'Moundgestengs genannt, aus deem d'Rankbierger an d'Héichlänner ëm d'Moundmierer bestinn. De Lunarit besteet zum gréissten Deel aus SiO2-räichem Steen, ass awer och mat eppes Eisen, Titan an Néckel ugeräichert. Et gëtt ugeholl, datt et sech bei Lunarit ëm alkaliräicht Reschtschmëlzmaterial vum basalteschem Magma handelt.
D'Bezeechnung Lunarit fir dat, géintiwwer dem donkele Maregestengs, vergläichsweis saueren Terragestengs ass en onverbindlecht Konschtwuert vum amerikanesche Geolog Josiah Edward Spurr (1870–1950).
An Zesummenhank mat dem Lunabas, dem Moundgestengs vun den donkelen Déifflächen, riicht sech eng Modellvirstellung no dem ierdesche Bild vum Sial an Sima aus, wéi bei der zweestäckeger kontinentaler an ozeanescher Äerdkuuscht.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.